Creative Commons

From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Creative Commons (de: „schöpferisches Gemeingut, Allmende“) ass eng Gesellschaft, déi am Internet verschidde Standardlizenzkontrakter verëffentlecht, fir mat Hëllef vun hiren Auteuren an hire Wierker, wéi z. B. Texter, Biller, Musek... asw., der Ëffentlechkeet d'Rechter fir se ze benotze kënne ze ginn.

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Thumb
Remove ads

Rechtermoduler

Aktuell (Versioun 3.0) gëtt et 6 Lizenzméiglechkeeten, déi ee sech mat de Rechtermoduler selwer zesummebastele kann. Zanter der Versioun 2.0 gëtt d'Méiglechkeet "Domaine public" net méi ugebueden, soudatt d'Basisversioun "CC BY" ass, a jee no Bedarf weider Moduler derbäigesat gi fir sech eng Lizenz nom perséinleche Bedarf op d'Mooss zesummenzesetzen.

Méi Informatiounen Ikon, Ofkierzung ...

Beispill: D'Texter vun der Wikipedia sinn ënner der CC BY-SA Lizenz verëffentlecht. Dat heescht also, datt bei d'Basisversioun CC BY nach de Modul SA koum, an d'Texter vu jiddwerengem gebraucht a reproduzéiert gi kënnen, och a verännerter Form, ënner de Konditiounen (1) datt d'Auteuren déi zum Artikel bäigedroen hu genannt ginn (ze gesinn ënner dem Reider "Versioune weisen"), an (2) datt d'Lizenz déi selwecht bleiwe muss an och mat "CC-by-sa/3.0" ugi gëtt. Fir e Wikipedia-Artikel richteg ze zitéiere klappt een am beschte lénks d'Geschirkëscht op a klickt do op "Dës Säit zitéieren".

Remove ads

Projet cc-lu

D'Adaptatioun vun der Creative Commons Lizenz un d'lëtzebuergesch Jurisdictioun ass vun der Luxcommons a.s.b.l. de 15. Oktober 2007 lancéiert ginn[1]. Apaart um Projet ass datt déi lëtzebuergesch Lizenz direkt an der Versioun 3.0 erauskoum.

Um Spaweck

Referenzen an Notten

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads