Cremona
italieenesch Gemeng From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Cremona ass eng italieenesch Stad an der Lombardei. Se huet 70.637 Awunner (Stand 1. Januar 2023)[1],[2] a läit op der lénkser Säit vum Po am Po-Flaachland. Cremona ass bekannt ginn duerch d'Geiebauerfamilljen Amati, Guarneri a Stradivari. De Claudio Monteverdi ass och do gebuer a gëtt do veréiert.
Remove ads
Geschicht
Cremona gouf am Joer 218 v. Chr. gegrënnt, als Virposte géint d'gallesch Stämm. Duerch déi 6.000 Siidler, déi am Joer 190 v. Chr. zougezu sinn, ass dëse Virposte gestäerkt ginn an huet sech a kuerzer Zäit an Norditalien zu enger Stad mat groussen Zukunftschancen entwéckelt. Warscheinlech war et am Joer 90 v. Chr. wéi Cremona d'Rechter vun engem Municipium kritt huet.
Kuckeswäertes
- Haaptkierchen
- Kathedral
- San Michele
- San Luca
- San Sigismondo
- Sant'Agostino
- Sant'Agata
- San Marcellino
- Santa Lucia
- Santa Rita
- San Pietro al Po
- Baptistry
- Aner kuckeswäert Gebaier
- Den Torrazzo, warscheinlech den héchsten italieenesche Kierchtuerm
- Loggia dei Militi
- Palazzo Cittanova
- Palazzo Fodri
- Palazzo Comunale
- Teatro Ponchielli
- Museo Civico Ala Ponzone
- Museo Stradivariano
- Museo della Civiltà Contadina
- Museo Berenziano
Remove ads
Dichteg Leit vu Cremona
- Déi Cremoneser Geiemécherdynastie Amati
- Guarnerius del Gesu, Geiemécher
- Claudio Monteverdi, Komponist
- Amilcare Ponchielli, Komponist a Musekspedagog
- Nicolò Sfodrati (Poopst Gregorius XIV)
- Antonio Stradivari, Geiemécher
Biller
- Cremona mam Torrazo. Den Torrazo, 110 m héich, ass den héchste Kierchtuerm an Italien
- Doum an Dafkappell
- E Geiebauer vu Cremona
- Eng Gei, déi de Stradivari gebaut huet, ausgestallt am Palacio Real zu Madrid
Um Spaweck
| Commons: Cremona – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
- Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
