Cunard-Linn

From Wikipedia, the free encyclopedia

Cunard-Linn
Remove ads

D'Cunard Line ass eng englesch Reederei mat Sëtz zu Liverpool (de Sëtz gouf 1919 op London verluecht). Gegrënnt 1838, huet d'Reederei fir d'éischt e Linnendéngscht op Boston an Halifax bedriwwen, 1851 gouf New York City als Endstatioun ugesteiert. Haut konzentréiert sech d'Gesellschaft op d'Geschäft mat Croisièren, mat hiren dräi Schëffer, der Queen Elizabeth 2 (QE2), Queen Mary 2 (QM2) an der Queen Victoria.

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Thumb
Thumb
Queen Elizabeth 2 vun der Cunard Linn

D'Queen Elizabeth 2 gëtt am Joer 2008 ausgemustert an op Dubai verkaaft, fir do als Akafszentrum an als Hotelsschëff benotzt ze ginn. Eng nei Queen Elizabeth (ouni Nummzousaz an Nummer) ass 2007 bestallt ginn a soll 2011 hir Akivitéit ophuelen.

Remove ads

Geschicht

Am Mee 1839 huet de kanadesche Geschäftsmann Samuel Cunard zesumme mat enger Grupp vu kapitalkräftege Reederen a Geschäftsleit, wéi George Burns, David McIver an James Donaldson déi British & North American Royal Mail Steam Packet Company gegrënnt. Allgemeng bekannt gouf d'Gesellschaft ënner dem Numm Cunard Line. Déi jonk Gesellschaft hat e Vertrag fir d'Post a Länner an Iwwerséi ze transportéieren.

1840 sinn déi éischt Schëffer vun der Linn vum Stapel gelaf, d'Britannia, d'Acadia, d'Caledonia an d'Columbia. D'Britannia an d'Caledonia waren och déi éischt Schëffer vun der Reederei, déi sech dat Blot Band verdéngt hunn. Sechs weider nei Schëffer hu bis 1850 hir Flott erweidert, déi nei Rekorden opgestallt huet an déi am Nordatlantik Här a Meeschter war.

Déi däitsch Reedereien, Norddeutscher Lloyd an d'Hapag/HAL, hunn dunn de Britte mat neien, rekordverdächtege Schëffer Paroli gebuet an zéng Joer laang d'Geschéien um Nordatlantik bestëmmt.

1901 huet den amerikanesche Banquier John Pierpont Morgan eng Reederei no der aner opkaaft a wann et no him gaange wier och Cunard. Fir dat ze verhënneren, huet dat englescht Parlament der Cunard all Joer Subventiounen zougestan an hir och e Kredit vu 11,7 Mill $ fir de Bau vun neie Schëffer accordéiert. Domat konnt Cunard 2 nei Schwësterschëffer, Lusitania an Mauretania, bauen. Mat 31.938 BRT waren dat déi gréisst a séierst Schëffer vun der Welt. Et ass dunn der Mauretania mat 26 Kniet wärend 22 Joer laang gelongen, de Vitessrekord, d'Blot Band ze verdeedegen.

Am Éischte Weltkrich, deen 1914 ausgebrach ass, hat Cunard grouss mënschlech a materiell Verloschter. D'Torpedéierung an den Ënnergank vun der Lusitania duerch en däitscht U-Boot war déi gréisst Katastroph. Si huet 1198 Mënscheliewe kascht. Nom Krich gouf d'Konkurrenz erëm méi grouss an dat däitscht Linneschëff Bremen huet de Britten dat Blot Band erëm ofgeknäppt. D'Englänner hu reagéiert an hu sech, an den zwanzeger Joren, mat Hëllef vun der Regierung erëm druginn, fir hir Spëtzepositioun ze vedeedegen. Cunard a White Star hunn 1935 fusionéiert, an 1936 ass d'Queen Mary, mat 80.774 BRT deemools dat gréisst Schëff, gedeeft ginn. Et sollt en neie Vitessrekord opstellen an dat Blot Band erëmgewannen, wat och gelongen ass. 1940 koum dunn och dat nach méi grousst Scheff, Queen Elizabeth nei dobäi. Mat sengen 83.673 BRT ass et du bis 1996 dat gréisst Schëff vun der Welt bliwwen.

Am Zweete Weltkrich huet d'Reederei véier Passagéierschëffer an e puer Frachtere verluer; beim Ënnergank vun den zwee Passagéierschëffer, Lancastria a Laconia, hunn a jiddwerengem vun den zwéi Fäll méi wéi 2000 Mënschen hiert Liewe verluer.

Thumb
Queen Mary 2 vun der Cunard Line

An de 60er Joren huet Cunard op der Transatlantik-Route d'Konkurrenz vun der Aviatioun voll ze spiere kritt, wat Cunard gezwongen huet, hir zwee gouss Linneschëffer (Queenschëffer) aus dem Verkéier ze zéien. Déi nächst Schëffer, déi uschléissend gebaut goufen, QE2, Queen Mary 2 an Queen Victoria waren net méi fir de Linneverkéier, mä fir Croisièresaktivitéite bestëmmt, déi sech an den zwee leschte Joerzéngte ganz staark entwéckelt hunn. Net ze vergiessen, datt déi finanziell Bedeelegung vum amerikanesche Carnival-Konzern vill zur Stäerkung vu Cunard bäigedroen huet.

Remove ads

Schëffer

Passagéierschëffer (Transatlantik-Service)

JoerNummTonnageWerft Status/Schicksal
1840Britannia1156 BRTR. Duncan & Co., Glasgow 1849 un déi Norddäitsche Bundesflott verkaaft
1840Acadia1156 BRTJ. Wood & Co., Glasgow 1849 un d'Norddäitsch Bundesflott verkaaft
1840Caledonia1156 BRTSmith & Rodgers, Glasgow 1850 un déi spuenesch Marinn verkaaft
1840Columbia1156 BRTR. Steele & Co., Greenock 1843 bei Seal Island (Halifax / Kanada) op Grond gelaf
1843Hibernia1422 BRTR. Steele & Co., Greenock 1850 un déi spuenesch Marinn verkaaft
1845Cambria1422 BRTR. Steele & Co., Greenock 1860 vun Italie kaaft an 1875 verschrott
1848America1834 BRTR. Steele & Co., Greenock 1866 verkaaft, an e Seegelschiff ëumgebaut
1848Canada1834 BRTR. Steele & Co., Greenock 1867 no Portugal verkaaft, an e Seegelschëff ëmgebaut
1848Niagara1834 BRTR. Steele & Co., Greenock 1866 verkaaft, an e Seegelschëff ëmgebaut
1848Europa1834 BRTR. Steele & Co., Greenock 1867 verkaaft, an e Seegelschëff ëmgebaut
1850Asia2226 BRTR. Napier & Sons, Glasgow 1867 verkaaft
1850Africa2226 BRTR. Steele & Co., Greenock 1868 verkaaft
1853Arabia2402 BRTR. Steele & Co., Greenock 1864 verkaaft
1856Persia3300 BRTR. Napier & Sons, Glasgow 1868 verkaaft, an e Seegelschiff ëmgebaut
1859 (1856)Calabria2902 BRTJ. & G. Thomson Ltd., Glasgow 1856: ex Australasian, E&A / 1859 Cunard / 1876 verkaaft
1862Scotia (I)3871 BRTR. Napier & Sons, Glasgow 1878 verkaaft, an e Schëff, dat Kabele leet, ëmgebaut
1862China2638 BRTR. Napier & Sons, Glasgow 1880 no Spuenien verkaaft, an "Magellanes" ëmbenannt
1867Russia2960 BRTJ. & G. Thomson, Glasgow 1880 un Red Star Line verkaaft an "Waesland" ëmbenannt
1867Siberia2574 BRTJ. & G. Thomson, Glasgow 1880 no Spuenien verkaaft, a "Manila" ëmbenannt
1868Samaria (I)2574 BRTJ. & G. Thomson, Glasgow 1902 außer Déngscht gestallt, verkaaft fir ze verschrotten
1870Abyssinia3376 BRTJ. & G. Thomson, Glasgow 1880 beim Kaf vun engem neie Schëff verrechent
1870Parthia (I)3167 BRTW. Denny & Bros., Dumbarton 1884 beim Kaf vun engem neie Schëff verrechent
1870Batavaia2553 BRTW. Denny & Bros., Dumbarton 1884 beim Kaf vun engem neie Schëff verrechent
1874Bothnia (I)4557 BRTJ. & G. Thomson, Glasgow 1898 ausser Déngscht gestallt, a verkaaft fir ze verschrotten
1875Scythia (I)4557 BRTJ. & G. Thomson, Glasgow 1898 ausser Dwengscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten
1879Gallia4809 BRTJ. & G. Thomson, Glasgow 1897 un d'Beaver Line verkaaft
1881Servia (I)7391 BRTJ. & G. Thomson, Glasgow 1901 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten
1881Catalonia5588 BRTJ. & G. Thomson, Glasgow 1901 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten
1882Cephalonia5588 BRTLaird Bros. & Co., Greenock 1900 verkaaft, an "Halior" ëmbenannt
1882Pavonia5588 BRTJ. & G. Thomson & Co., Glasgow 1900 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten
1883Araunia (I)7269 BRTJ. & G. Thomson, Glasgow 1905 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten
1884Oregon7324 BRTJohn Elder & Co. Ltd., Glasgow 1884: fir Guion Line / 1884 u Cunard / 1886 ënnergang
1885Etruria7718 BRTJohn Elder & Co. Ltd., Glasgow 1909 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten
1885Umbria7718 BRTJohn Elder & Co. Ltd., Glasgow 1910 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten
1893Campania12950 BRTFairfield S.B. & Eng. Co. Ltd., Glasgow 1914 un Royal Navy an Ëmbau an e Flugzeugträger
1893Lucania12952 BRTFairfield S.B. & Eng. Co. Ltd., Glasgow 1909 zu Liverpool ausgebrannt a verschrott
1898Ultonia10405 BRTSwan, Hunter & Co. Ltd., Newcastle 1917 am Atlantik duerch U 53 torpedéiert an ënnergang
1900Ivernia (I)14281 BRTSwan, Hunter & Co. Ltd., Newcastle 1917 bei Griicheland duerch UB 47 torpedéiert an ënnergang
1900Saxonia (I)14281 BRTSwan, Hunter & Co. Ltd., Newcastle 1925 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten
1902Carpathia13603 BRTSwan, Hunter & Co. Ltd., Newcastle 1912 Rettung vun den Titanic-Passagéier, déi iwwerlieft hunn / 1918 torpedéiert an ënnergang
1903Slavonia10606 BRTJohn Brown & Co. Ltd., Clydebank 1909 bei den Azoren ënnergang
1904Pannonia10606 BRTJohn Brown & Co. Ltd., Clydebank 1922 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten
1905Carmania (I)19687 BRTJohn Brown & Co. Ltd., Clydebank 1932 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten
1905Caronia (I)19687 BRTJohn Brown & Co. Ltd., Clydebank 1932 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten
1907Lusitania31550 BRTJohn Brown & Co. Ltd., Clydebank 1915 bei Kinsale (Irland) duerch U 20 torpedéiert an ënnergang (1198 Doudeger)
1907Mauretania (I)31938 BRTSwan, Hunter & Co.Ltd., Newcastle 1935 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten
1911Ascania (I)9111 BRTWigham Richardson & Co. Ltd., Newcastle 1918 bei Cape Race (Kanada) ënnergang
1911Franconia (I)18150 BRTSwan, Hunter & W. Rich. Ltd., Newcastle 1916 bei Fastnet (Kanal) torpedéiert an ënnergang
1911 (1900)Albania (I)7640 BRTC.S. Swan & Hunter Ltd., Newcastle 1900: ex Cairnrona, Cairn Line / 1911 Cunard / 1912 verkaaft
1912Laconia (I)18150 BRTSwan, Hunter & W. Rich. Ltd., Newcastle 1917 bei Fastnet (Kanal) duerch U 50 torpedéiert an ënnergang
1913Alaunia (I)13405 BRTScotts S.B. & Eng. Co. Ltd., Greenock 1916 no Minentreffer ënnergang
1913Andania (I)13405 BRTScotts S.B. & Eng. Co. Ltd., Greenock 1918 am Äermelkanal duerch U 46 torpedéiert an ënnergang
1914Aquitania45647 BRTJohn Brown & Co. Ltd., Clydebank 1950 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten
1916 (1902)Flavia9284 BRTPalmer Bros. & Co. Ltd., Yarrow 1902 für Uranium Line / 1916 u Cunard / 1918 torpedéiert an ënnergang
1916 (1907)Folia6560 BRTSir. J. Laing & Co. Ltd., Sunderland 1907 fir Uranium Line / 1916 u Cunard / 1917 torpedéiert an ënnergang
1916 (1891)Feltria5254 BRTW. Denny & Bros. Ltd., Dumbarton 1891 fir Uranium Line / 1916 u Cunard / 1917 torpedéiert an ënnergang
1917Aurania (II)13936 BRTScotts SB & Eng. Co. Ltd., Greenock 1918 bei Schottland torpedéiert an ënnergang
1920 (1913)Berengaria (ex Imperator)52226 BRT Blohm & Voss AG, Hamburg1913 fir Hapag / 1920 u Cunard / 1938 no engem Feier verschrott
1921Albania (II)12768 BRTScotts S.B. & Eng. Co. Ltd., Greenock 1930 u Libera Triestina S.p.A. verkaaft, an "California" ëmbenannt
1921Scythia (II)20277 BRTVickers-Armstrong Ltd., Barrows 1958 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten
1921Laconia (II)20277 BRTSwan, Hunter & W. R. Ltd., Newcastle 1942 bei Ascension torpedéiert an ënnergang und gesunken (2275 Doudeg)
1922Samaria (II)20277 BRTCammell Laird & Co. Ltd., Birkenhead 1956 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten
1923Franconia (II)20277 BRTJ. Brown & Co. Ltd., Clydebank 1956 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten
1924Servia (II)20277 BRTVickers-Armstrong Ltd., Barrows 1924: Carinthia (II) / 1940 bei Irland duerch U 46 torpedéiert an ënnergang
1922Andania (II)14040 BRTHawthorn, Leslie & Co. Ltd., Newcastle 1940 bei Reykjavík torpedéiert an ënnergang
1922Ausonia (II)14040 BRTVickers-Armstrong Ltd., Newcastle 1942 un d'Royal Navy verkaaft, an ëmgaut als Wierkstats-Schëff
1922Antonia14040 BRTVickers-Armstrong Ltd., Newcastle 1942 un d'Royal Navy verkaaft an ëmgebaut als Wierkstatschëff
1924Aurania (III)14040 BRTSwan, Hunter & W. R. Ltd., Newcastle 1942 un d'Royal Navy verkaaft, Ëmbau
1925Ascania (II)14040 BRTSwan, Hunter & W. R. Ltd., Newcastle 1957 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten
1925Alaunia (II)14040 BRTJ. Brown & Co. Ltd., Clydebank 1944 un d'Royal Navy verkaaft, Ëmbau
1924Lancastria16243 BRTWilliam Beardmore & Co. Ltd., Glasgow 1940 bei St. Nazaire duerch dt. Bomber versenkt (2000 - 5000 Doudeg ?)
1936Queen Mary80774 BRTJohn Brown & Co. Ltd., Clydebank 1967 un d'Stad Long Beach verkaaft fir als Hotelschëff benotzt ze ginn
1939Mauretania (II)35738 BRTCammell Laird Ltd., Birkenhead 1965 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten
1940Queen Elizabeth83673 BRTJohn Brown & Co. Ltd., Clydebank 1970 un C.Y. Tung verkaaft / 1972 am Laf vun Ëmbauaarbechten ausgebrannt
1948Parthia (II)13362 BRTHarland & Wolff Ltd., Belfast 1961 u New Zealand Ship. Co. Ltd. verkaaft, an "Remuera" ëmbenannt
1948Media (I)13362 BRTHarland & Wolff Ltd., Belfast 1961 un Cogedar S.p.A. verkaaft, an "Flavia" ëmbenannt
1949Caronia (II)34274 BRTJohn Brown & Co. Ltd., Clydebank1968 verkaaft
1954Saxonia (II)21989 BRTJohn Brown & Co. Ltd., Clydebank 1963 Carmania (II) / 1973 un d'Sowjetunioun verkaaft, an "Leonid Sobinov" ëmbenannt
1955Ivernia (II)21989 BRTJohn Brown & Co. Ltd., Clydebank 1963 Franconia (III) / 1973 un d'Sowjetunioun verkaaft, an "Fedor Shalyapin" ëmbenannt
1955Carinthia (III)21989 BRTJohn Brown & Co. Ltd., Clydebank 1968 un d'Sitmar S.p.A. verkaaft, an "Fairland" ëmbenannt
1957Sylvania (II)21989 BRTJohn Brown & Co. Ltd., Clydebank 1968 un d'Sitmar S.p.A. verkaaft, an "Fairwind" ëmbenannt
1968Queen Elizabeth 270327 BRZJohn Brown & Co. Ltd., Clydebank am Déngscht
1971Cunard Adventurer14151 BRTRotterdamsche D.D. Mij. N.V.,Rotterdam 1977 un d'Norwegian Cruise Line A/S verkaaft, an "Sunward II" ëmbenannt
1972Cunard Ambassador14151 BRTRotterdamsche D.D. Mij. N.V.,Rotterdam 1974 duerch e Feier schwéier beschädegt a verkaaft
1975Cunard Countess17495 BRTBurmeister & Wain AS, Kopenhagen 2005 Lili Marleen - Croisièren
1976Cunard Conquest17495 BRTBurmeister & Wain AS, Kopenhagen 1977 "Cunard Princess" / 1998 un Royal Olympic Cruise Line S.A. verkaaft, 1995 un MSC verkaaft, Rhapsody
1983 (1973)Vistafjord24292 BRTSwan, Hunter Shipbuilders Ltd., Newcastle 1973 fir NAL / 1983 u Cunard / 1998 "Caronia" (III) / 2005 verkaaft, Saga Ruby
1983 (1965)Sagafjord24002 BRTFor. et Ch. de la Mediterranée, La Seyne 1965 fir NAL / 1983 u Cunard / 1996 verkaaft, Saga Rose
1986 (1984)Sea Goddess I4253 BRTWärtsila AB, Helsinki 1984 fir Norske Cruise AS / 1986 u Cunard / 1998 u Seabourn Cruises
1986 (1984)Sea Goddess II4253 BRTWärtsila AB, Helsinki 1984 fir Norske Cruise AS / 1986 u Cunard / 1998 u Seabourn Cruises
1993 (1988)Royal Viking Sun37845 BRZWärtsila AB, Helsinki 1988 fir RVL / 1993 u Cunard / 1998 u Seabourn Cruises
2004Queen Mary 2148528 BRZChantiers de l'Atlantique S.A., St. Nazaire Am Déngscht
2005Queen Victoria (I)84000 BRZFincantieri S.p.A., Monfalcone 2005 un P&O Cruises Ltd. iwwerdro, an "Arcadia" (III) ëmbenannt
2007Queen Victoria (II)90000 BRZFincantieri S.p.A., Monfalcone Am Déngscht
2010Queen Elizabeth (II)92000 BRZFincantieri S.p.A., Monfalcone Bestallt (2007)

Frachtschëffer

  • ...
  • ...
  • ...
Remove ads

Literatur

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Cunard Line ships – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads