D'Maus Ketti

Geschicht a Versform vum Schrëftsteller Auguste Liesch From Wikipedia, the free encyclopedia

D'Maus Ketti
Remove ads

D'Maus Ketti (an haiteger Schreifweis och alt "D'Maus Kätti") ass déi wuel bekanntst Geschicht a Versform vum Lëtzebuerger Schrëftsteller Auguste Liesch. Se baséiert um Äsop senger Fabel iwwer d'Stad- an d'Feldmaus.

Séier Fakten 'Maus Ketti, Auteur ...
Thumb
D'Maus Ketti an hir Kusin Mim.

D'Maus Ketti ass 1936 fir d'éischt beim Gust. Soupert publizéiert ginn.

Remove ads

Ëm wat geet et?

D'Ketti, d'Feldmaus, lieft zu Biermereng am Feld (...), einfach a gesond vu Weess an Hieselnëss. Et kritt Besuch vu senger Kusin Mim aus Clausen. D'Ketti dëscht him deftegt Iessen op, dat dem Mim awer net apaarti schmaacht. D'Mim invitéiert d'Ketti an d'Stad, nodeem et him vu Crème a Kuch a Bond geschwäermt huet.

An der Stad schläiche se sech an en Haus, a maache sech iwwer e Buffet voller Schlabäizercher hier. Mä op eemol dauchen de Kueder Tun a seng Freiesch op, an déi zwou Mais kënnen am leschten Ament entwutschen. D'Ketti, nach d'Doudangscht an de Schanken, decidéiert, direkt erëm heemzegoen:

Ech ginn neess heem, et wär mäin Doud,
Dat ass jo hei kee Liewen;
Muss een da fir all Maufel Brout
an dausend Ängschte schwiewen?

Wéi beim Äsop ass d'Moral vun der Geschicht kloer: Mat Wéineg kann een dacks méi glécklech sinn wéi mat Iwwerfloss a Suergen.

Mat vill Léift zum Detail portraitéiert de Liesch an der Maus Ketti op der enger Säit déi naiv, mä guttmiddeg Feldmaus, op der aner déi snobistesch-agebilt Stadmaus. Generatioune vu Schoulkanner hunn hir Bekanntschaft mat deenen zwou Mais gemaach.

D'Kulturzentrum vu Biermereng ass dann och no där bekannter 'Biergerin' benannt.

Thumb
Kulturzentrum Maus-Ketti zu Biermereng (2019).
Remove ads

Editiounen

  • D'Maus Ketti.Eng al Geschicht an neie Versen. Zum Beschte vun de Ferienkolonien. Gust. Soupert, 1936 (éischt Editioun).
  • D'Maus Ketty am Buch Allerhand. Éditions du Centre 1959, 2. erweidert Oplo
  • 1966, mat Illustratioune vum Pe'l Schlechter
  • 1969, mat Illustratioune vum Willy Faber
  • 1988, mat Illustratioune vum Romain Schroeder
  • 1995, mat Illustratioune vum Leo Reuter
  • D'Maus Kätti. Illustratioune vum Alison Koch-Kent. Éditions Schortgen, Esch-sur-Alzette, 2003. ISBN 87953-977-3.
  • D'Maus Kätti. Illustratioune vum Valérie Willame. Editions Radar, 2019.
Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads