Clausen

ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia

Clausen
Remove ads

Clausen ass eng Uertschaft an ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg. Clausen läit an der Ënnerstad, am Uelzechtdall, um Fouss vum Kierchbierger-Plateau.

op ee Bléck Aussprooch, An anere Sproochen ...
Remove ads

Geographie

Clausen ass 36,06 Hektar grouss a läit op enger Héicht tëscht 242,35 an 299,2 m. De Quartier grenzt am Norden un de Kierchbierg an dann, am Sënn vun der Auer, un d'Quartieren Neiduerf/Weimeschhaff, Zens, Gronn a Pafendall.

D'Uelzecht leeft duerch de ganze Quartier.

Ursprong vum Numm

Den Numm Clausen[1] kënnt vun der Klaus, déi op där Plaz stoung, wou de Péiter Ernest vu Mansfeld d'Schlass La Fontaine baue gelooss hat.

Geschicht

Fir säi Schlass bauen ze kënnen, hat de Mansfeld de Laf vun der Uelzecht änneren an d'Strooss tëscht dem Neiduerf a Clausen ënnerbrieche gelooss. Dat huet mat sech bruecht, datt – nodeems d'Schlass verfall an zerstéiert gi war – grouss Fläche fräi goufen déi uganks landwirtschaftlech gebraucht goufen.

De Vauban hat aus strategesche Grënn Clausen net mat an d'Festung mat abezunn. Wéi dunn an der Éisträichescher Zäit de Festungsingenieur Simon de Bauffe 1733 beim Hondshaus och nach d'Mansfeldsschleis gebaut huet, war den Deel laanscht d'Uelzecht Iwwerschwemmungsgebitt an et konnt do net gebaut ginn.

Bis datt d'Eisebunn ëm 1860 gebaut gouf, ass a Clausen net vill geschitt. 1864 ass du vum Jean-François Eydt, Architekt vun der Stad, e Projet vu Bauvirschrëfte[2] presentéiert ginn, wéi a Clausen gebaut kéint ginn. Well et engersäits ëmmer méi schwéier gouf präiswäert Bauplazen an der Uewerstad ze kréien an et anersäits vu Clausen aus einfach war iwwer d'Neiduerf fort ze kommen, resp. iwwer de Clausener Bierg an d'Stad ze kommen, sinn a Clausen, absënns beim fréiere Mansfeld-Schlass, am Clausener Bierg oder der Rue de la Tour Jacob no an no nei Haiser gebaut ginn.

Brauereien

Clausen ass och fir seng (fréier) Brauereie bekannt.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Brauereien zu Lëtzebuerg.

Kuckeswäertes

Mansfeld-Schlass

A Clausen hat de Péiter Ernest vu Mansfeld säi Schlass La Fontaine, vun deem haut awer just nach zwou Paarten erhale sinn. Well d'Gemeng Lëtzebuerg 2003 op der Plaz, op där d'Schlass stoung, eng Schoul baue wollt, koum et zu archeologeschen Noutgruewungen, déi et sollten erméiglechen, méi iwwer d'Schlass an de Gaart gewuer ze ginn. D'Schoul ass dunn net wäit dovun ewech gebaut ginn, an de Musée ass mat den Ausgruewunge weider gefuer.

Haut ass op der Plaz vum fréierer Schlass e klenge Park ugeluecht ginn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schlass La Fontaine.

Ale jiddesche Kierfecht

Nieft der Stroossekéier beim Malakoff-Tuerm läit den ale jiddesche Kierfecht, wou tëscht 1817 an 1883/84 déi jiddesch Verstuerwe begruewe goufen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kierfecht Malakoff.

Däitschen Zaldotekierfecht

Um däitschen Zaldotekierfecht an der Jules-Wilhelm-Strooss si Griewer vun 1813 bis zum Zweete Weltkrich.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Däitschen Zaldotekierfecht a Clausen.

Gebuertshaus vum Robert Schuman

Nërdlech vun der Kunigundekierch, am Hank erop op de Kierchbierg, steet d'Gebuertshaus vum Robert Schuman. Haut ass do e Fuerschungszentrum dran.

Kunigundekierch

D'Clausener Kierch ass der helleger Kunigunde dediéiert.

Remove ads

Biller

Awunner

Vun alle stättesche Quartieren huet Clause sech am 19. an uganks vum 20. Joerhonnert verhältnisméisseg am stäerksten entwéckelt:

Méi Informatiounen Joer, Awunner ...

Op den 31. Dezember 2015 hunn a Clausen 973 Leit gewunnt, 197 Persoune méi wéi am Joer 2010. Op den 31. Dezember 2024 waren et der 1.052, wouvu 26,43 % Lëtzebuerger waren an 73,57 % Auslänner[3].

Méi Informatiounen Rang, Nationalitéit ...
Remove ads

Literatur

Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Clausen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Et gëtt och d'Schreifweis "Klausen".
  2. Projet de règlement sur les bâtisses dans le faubourg de Clausen de Clausen, proposé par l'architecte de la Ville Eydt le 23 avril 1864
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads