Dallas
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Dallas [ˈdæl.əs] oder [ˈdæl.ʊs] ass déi drëttgréisste Stad am Bundesstaat Texas an déi néngtgréisste Stad vun de Vereenegte Staaten. D'Stad huet eng Fläch vun 997,1 km² an ass och de Verwaltungssëtz vum Dallas County. Dallas huet 1,2 Milliounen Awunner an ass de kulturellen a wirtschaftlechen Zenter vun de Countye rondrëm.
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der texanescher Groussstad Dallas. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Dallas (Homonymie). |
![]() |
Dëse Geographiesartikel iwwer d'USA ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Déi 1841 gegrënnt Stad war duerch hir strateegesch Lag an hire villen Eisebunnsverbindungen e wichtegen Zentrum vun der Ueleg- a Kotténgsindustrie. Haut ass d'Wirtschaft haaptsächlech duerch d'Telekommunikatiouns- a Computer-Industrie, d'Finanzdéngschtleeschtungen an d'Transportbranche gekennzeechent.
Dallas gouf international traureg berüümt wéi do 1963 den US-President John F. Kennedy bei engem Besuch erschoss gouf.
Remove ads
Um Spaweck
![]() |
Commons: Dallas, Texas – Biller, Videoen oder Audiodateien |

Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads