Geographie
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Geographie (griich. Γεωγραφια geographia, v. griich.: gaia = Äerd + griich. gráphein = kritzelen, schreiwen, zeechnen) ass eng vun de Geowëssenschaften. Si befaasst sech mat der Äerduewerfläch, mat de Landschaften, mat de Mënschen an och mat der materieller a geeschteger Ëmwelt vun de Mënschen. An der Geographie geet et am Allgemengen ëm d'Welt an där mir liewen.
![]() |
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Remove ads
Geschicht
Déi éischt déi d'Geographie studéiert hunn, waren d'Griichen. Duerno koumen d'Réimer, déi mat neien Technike wéi d'Kartographie komm sinn. An Europa war wärend dem Mëttelalter den Interessi u geographeschen Erkenntnesser net ganz grouss bis de Marco Polo am 13. Joerhonnert a China gereest war. Am 18. Joerhonnert ass d'Geographie dunn als eegestänneg Disziplin unerkannt ginn a gouf vun do un op den Universitéite geléiert.
Remove ads
Deelgebidder
- Physesch Geographie; si beschreift d'Gestalt vun der Äerduewerfläch, zu hiren Deelgebidder gehéieren:
- Geomorphologie
- Hydrologie
- Klimatologie
- Pedologie
- Biogeographie
- Anthropogeographie; si beschäftegt sech mam Afloss vum Mënsch op de geographeche Raum. Deelgebidder sinn:
- Kulturgeographie
- Verkéiersgeographie
- Sozialgeographie
- Bevëlkerungsgeographie
- Ekonomiegeographie
- Mathematesch Geographie
- Geographesch Informatiouns Systemer (GIS)
Remove ads
Um Spaweck
![]() |
Commons: Geographie – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads