Daugava

From Wikipedia, the free encyclopedia

Daugava
Remove ads

D'Daugava (Russesch: Западная Двина, Zapadnaja Dwina - Westlech Dwina; Wäissrussesch: Заходняя Дзьвіна, Sachodnjaja Dsjwina) ass en eppes iwwer 1000 Kilometer laange Floss, deen a Russland um Waldai-Plateau, westlech vun Twer, entspréngt an duerch Wäissrussland a Lettland leeft, wou en, kuerz hanner Riga, an de Golf vu Riga (Baltescht Mier) mënt.

op ee Bléck Längt, Debit ...

D'Quell vun der Daugava ass no bei der Waasserscheed tëscht dem Balteschen an dem Schwaarze Mier. No 323 Kilometer leeft se iwwer d'Grenz vu Wäissrussland, an 328 Kilometer méi wäit iwwer déi vu Lettland. No weideren 352 Kilometer leeft se an de Golf vu Riga.

De Baseng vum Floss ass 87.900 km² grouss an erstreckt sech ausser an deene Länner, an deenen e leeft, och aus op Deeler vun Estland a Litauen.

An der Zäit war de Floss eng wichteg Handelsstrooss.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Daugava – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads