Dean Spielmann
lëtzebuergesche Jurist a Magistrat From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Dean Spielmann, gebuer de 26. Oktober 1962, ass e lëtzebuergesche Jurist a Magistrat. Vun 2012 bis 2015 war hie President vum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter a vun 2016 bis 2024 Riichter um Geriicht vun der Europäescher Unioun[1].
Remove ads
Liewen a Karriär
Hien huet op der Kathoulescher Universitéit Léiwen an um Fitzwilliam College vun der Universitéit vu Cambridge Droit studéiert, an op der leschtgenannter 1990 e Master of Law-Ofschloss gemaach.[2][3]
De Spielmann gouf 1989 Member vum Lëtzebuerger Barreau, an huet bis 2004 als Affekot geschafft. Vun 1991 bis 1997 war hie Lektor fir Kriminalrecht op der Uni vu Léiwen. Hien huet och vun 1996 bis 2004 Coursen op der Uni Lëtzebuerg a vun 1997 bis 2008 op der Universitéit Nanzeg ginn.[2]
De 24. Juni 2004 gouf hien zum Lëtzebuerger Riichter um Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter. Den 1. Februar 2011 gouf hien do President vun der Fënnefter Sektioun vun der Cour. Hie gouf och, am Juli 2012, zum Vizepresident ernannt, mä schonn den 1. November 2012 gouf hie President vum Mënscherechts-Geriichthaff.[4]
Vun 2016 bis 2024 war hie Riichter a President vun der éischter Chamber um Geriicht vun der Europäescher Unioun.
Den Dean Spielmann ass Member vum Institut grand-ducal.
Remove ads
Gielchen
Commandeur vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2015)[5]
Um Spaweck
Referenzen
- Dean Spielmann op curia.europa.eu; nogekuckt: 09.12.2019.
- "Judges of the Court", European Court of Human Rights, echr.coe.int.
- "Spielmann Vice-President of ECHR", Fitzwilliam College, Cambridge.
- "Dean Spielmann président de la Cour européenne des droits de l'Homme." wort.lu, verëffentlecht den 10.09.12 17:27.
- Cour européenne des droits de l'Homme - Dean Spielmann honoré au Luxembourg op www.wort.lu gekuckt den 11. Oktober 2015
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads