Die Linke

politesch Partei an Däitschland From Wikipedia, the free encyclopedia

Die Linke
Remove ads

Die Linke ass eng däitsch politesch Partei. Si vertrëtt demokratesche Sozialismus, Antikapitalismus, Antimilitarismus a Feminismus. Die Linke ass 2007 duerch d'Fusioun vun de Parteie WASG an Die Linkspartei.PDS entstanen. Déi Leschtgenannt housch bis 2005 PDS, déi hirersäits no der Erëmvereenegung vun Däitschland als Nofollegpartei vun der SED gegrënnt gouf.

op ee Bléck President, Vizepresidenten ...

Vun 2014 bis 2024 huet si mam Bodo Ramelow an Thüringen hire Ministerpresident (an enger Koalitioun mat Bündnis 90/Die Grünen an SPD) gestallt.

Nodeems d'Sahra Wagenknecht decidéiert hat, aus der Partei auszetrieden an hir eege Partei ze grënnen, huet die Linke decidéiert, de 6. Dezember 2023 hir Fraktioun am Bundestag opzeléisen. Nodeems sech d'Die Linke nei opgestallt huet, krute si bei der virgezunner Parlamentswahl vun 2025 8,8% mat engem Plus vun 3,3% am Verglach vun de Wale virdrun an domat genügend Prozentpunkten fir am Bundestag ze bleiwen.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Die Linke – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

    Loading related searches...

    Wikiwand - on

    Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

    Remove ads