Dinant

belsch Gemeng From Wikipedia, the free encyclopedia

Dinant
Remove ads

Dinant ass eng belsch Stad a Gemeng an der Wallounescher Regioun, an der Provënz Namouer.

op ee Bléck Land, Regioun ...

Dinant läit um rietsen Uwänner vun der Meuse, eng 16 km nërdlech vun der franséischer Grenz a 24 km südlech vun Namouer. 2002 hat Dinant 12 763 Awunner. Wénst senger Lag am Meuse-Dall, a verschiddene Grotten an der Ëmgéigend, ass Dinant eng beléift Touristendestinatioun.

Remove ads

Sektioune vun der Gemeng

Anhée, Anseremme, Bouvignes-sur-Meuse, Dinant, Dréhance, Falmagne, Falmignoul, Foy-Notre-Dame, Furfooz, Lisogne, Sorinnes an Thynes an d'Quartiere vu Les Rivages, Leffe an Neffe.

Nopeschgemengen

Rose des vents Anhée Yvoir Rose des vents
Onhaye N Ciney
W    Dinant    O
S
Hastière Houyet

Geschicht

Dinant war eng vun den 23 Bonnes villes vum Fürstentum Léck.

Am Éischte Weltkrich goufe beim Duerchmarsch vun der däitscher Arméi 674 Männer, Fraen a Kanner erschoss, a ganz Quartiere vun der Stad néiergebrannt, fir "Franc-tireurs" ze bestrofen, déi do solle gewiescht sinn.

Schonn 1466 gouf d'Stad vum Grof vu Flandern, Herzog vum Brabant, dem Limburg an der Bourgogne geplëmmt an zestéiert, well Leit vun do e sollte vernannt gehat hunn. 800 Leit goufen an der Meuse erdronk.

Remove ads

Kuckeswäertes

Thumb
Vue op Dinant
Thumb
Dinant
Thumb
Dinant
  • D'Abtei Notre-Dame vu Leffe, 1152 gebaut.
  • D'Collégiale Notre-Dame (13. - 14. Joerhonnert).
  • D'Zitadell (1818-1821), 100 Meter iwwer der Meuse.
  • De Rocher Bayard, eng spatz Fielswand, déi fräi steet.

Bekannt Leit

  • André Buzin, Déieremoler, gebuer 1946. Hie moolt Timbere mat Vullen drop, ë. a. och fir d'lëtzebuergesch Post
  • Joachim Patenier, Moler, 1485 - 1524
  • Père Dominique Pire, Grënner vun den Îles de Paix a Friddensnobelpräisdréier
  • Adolphe Sax, Erfinder vum Saxophon, 1814 do gebuer.
  • André Sodar (1829 - 1903), Landschaftsmoler.
  • François Sodar (genannt Franz) (1827-1899) Portraitist.
  • Albert Huybrechts 1899 do gebuer.
Remove ads

Jumelagen

  • Dinan an der Bretagne
  • Chios (Griicheland)
  • Hoddesdon (Groussbritannien).

Bibliographie

  • GERARD (E.), Histoire de la ville de Dinant, rééd., Dinant, 1988.

Kuckt och

Um Spaweck

Thumb
De Rocher Bayard vun Anseremme aus gekuckt.
 Commons: Dinant – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads