Djuju

From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Djuju, gegrënnt als D'Juju Music, zäitweileg och D'Juju, war eng lëtzebuergesch Rockmusek-Band, déi 1983 gegrënnt gouf an déi bis an d'2010er Joren eran aktiv war.

op ee Bléck Museksgenre, Grënnung ...

Haaptleit ware vun Ufank un de Jean-Paul "Teacher" Endré (Gittar, Gesang; 2024 gestuerwen) an de Jerry Krier (Bass), zesumme mam Rosario Grasso (Percussion, Gesang), Petz Flammang (Drums), Christian "Siggy" Sikorski (Keyboard) a Max Cinus (Gittar). Sträppweis waren och de Romain Hoffmann (2010 gestuerwen), de Gérard Valerius, de Frin Lorenz, de Sergio Sardelli an den Eric Falchero mat dobäi[1].

An den 1990er Joren hu si bei hiren Optrëtter och alt opwänneg Büneshowe gemaach, mat Akrobatik, Danz, Feierspäitzerten, Go-go-girls, asw.

Hire Stil gëllt als eng Mëschung vu Latino-, Funk-, Salsa- a Reggae-Rhytmen[2].

Si hunn am Ganzen 9 Albumme publizéiert.

Remove ads

Placken

  • D'Juju Music (1983)
  • ...
  • The Bright Side Of The Moon (2013)

Referenzen

  1. Quell, wou net anescht uginn: René Hoffmann: „Djuju forever!“ tageblatt.lu, 07.08.2013 (nogekuckt: 20.08.2024).
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads