Drosbech

Baach zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia

Drosbech
Remove ads

D'Drosbech ass eng Baach zu Lëtzebuerg an de Gemenge Leideleng, Lëtzebuerg an Hesper.

op ee Bléck Längt, Hydrographesche Baseng ...

Si huet hir Quell am Weste vu Leideleng um Flouer Viischte Réidesch an Urbett[1] op enger Héicht vun ongeféier 330 Meter. Vun do aus leeft se no Osten a Richtung Cloche d'or, wou laanscht hir Uwänner 2020-2023 de Gaasperecher Park ugeluecht gouf.

Dono dréint se no Norden a Richtung Gaasperech an Houwald. Soubal wéi se do ënner der Diddelenger Autobunn erduerch ass, leeft se an enger Kanalisatioun weider ënner der Eisebunn an engem Stéck vum Boulevard des Scillas erduerch, fir hanner dem Tennisfeld vum Houwald an der Griecht mam Numm Schleed erëm aus dem Buedem erauszekommen.

Da leeft se duerch déi Griecht bis op Hesper, fir do op enger Héicht vun 260 Meter vu lénks an d'Uelzecht ze lafen.

D'Drosbech ass ronn 8.600 m laang an ausser engem Gruef zu Zéisseng dee vun der Brommeschheck hierkënnt huet se keng nennenswäert Niewebaach.[2]

A reegelméissegen Ofstänn gëtt se verknascht, esou am November 2017[3], am Mäerz 2020[4], am Juni 2021[5]

Remove ads

Fotoen

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Drosbech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Quell vun der Drosbech op www.geoportail.lu, der offizieller Plattform fir geographesch Donnéeën a Servicer vun der Administration du cadastre et de la topographie
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads