Durbuy

belsch Gemeng From Wikipedia, the free encyclopedia

Durbuy
Remove ads

Durbuy ass eng Stad a Gemeng an der belscher Provënz Lëtzebuerg, déi sech aus der Fusioun am Joer 1977 vu follgenden 12 Gemengen zesummesetzt: Barvaux-sur-Ourthe, Bende, Bomal, Borlon, Durbuy, Grandhan, Heyd, Izier, Septon, Tohogne, Villers-Sainte-Gertrude, Wéris.

op ee Bléck Land, Regioun ...
Remove ads

Zesummenhank mat Lëtzebuerg

Den Heinrich IV., Grof vu Lëtzebuerg an Namouer huet ëm 1150 d'Grofschaft Durbuy geierft, déi awer eréischt méi spéit, ënner dem Heinrich VII., definitiv u Lëtzebuerg gefall ass. 1331 huet Durbuy vum Jang de Blannen de Fräiheetsbréif kritt an huet zu de 15 Stied gehéiert déi an den ale lëtzebuergesche Stänn vertruede waren.

Duerch den Traité vu London gehéiert Durbuy zanter 1839 zur Belsch.

Zu Bouneweg erënnert eng Plaz (Place de Durbuy) un dësen Deel vun der lëtzebuergescher Geschicht.

Remove ads

Jumelagen

Durbuy ass jumeléiert mat:

Hanyu Japan
Nieuwpoort Belsch
Östhammar Schweden

Um Spaweck

 Commons: Durbuy – Biller, Videoen oder Audiodateien
Thumb
Schlass vun de Grofe vun Ursel

Referenzen an Notten

    Loading related searches...

    Wikiwand - on

    Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

    Remove ads