Edouard Garnich
lëtzebuergesche kathoulesche Geeschtlechen From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Edouard Garnich, gebuer den 19. September 1869 zu Alzeng, a gestuerwen den 18. Januar 1949 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche kathoulesche Geeschtlechen.
Hie war Apostoulesche Protonotar, Propst vun der Stater Kathedral, Generalvikar a Bistumssekretär vun der Diözees Lëtzebuerg.
Remove ads
Liewen
Den Edouard Garnich gouf 1895 zum Priister geweit a gouf Kaploun zu Kielen an 1897 zu Dummeldeng. 1900 gouf en Zweete Bistumssekretär a Militäraumonier; an dat Joer drop éischte Bistumssekretär, wat en ënner 3 Bëscheef blouf. 1911 gouf en zum Éieren-Doumhär ernannt, 1916 zum Doumkapitular an 1935 zum Doumprobst. 1933 gouf e Peepstleche Geheimkämmerer, an 1948 Apostoulesche Protonotar.
1935 gouf hie President vum Verwaltungsrot vun der Sankt-Paulus Dréckerei, an 1946 gouf en zum Generalvikar vun der Diözees Lëtzebuerg ernannt.
Hien ass am Wanter 1948 onglécklech gefall, an ass un der Folleg vun där Verletzung gestuerwen.
Zu Alzeng gouf eng Strooss no him genannt.[2]
Remove ads
Gielercher
Commandeur vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
Officier vum Ordre de la couronne de chêne
Officier vum Ordre de Léopold
Referenzen
- Quell, wou net anescht uginn: "Monseigneur Edouard Garnich †." In: Luxemburger Wort, 1949. Jg., nº 19 (19.01.1949), p. 3 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
- L-5892
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads