Edouard Loutsch

lëtzebuergesche Veterinär a Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Den Edouard Loutsch, gebuer de 24. Februar 1890 zu Elveng[1], a gestuerwen den 30. Mäerz 1969 an der Stad Lëtzebuerg[2], war e lëtzebuergesche Veterinär a Politiker (DP).

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...
Remove ads

Karriär

Den Edouard Loutsch koum aus enger Bauerefamill. Hien huet zu Bréissel an Zürech fir Veterinär studéiert. Vun 1915 bis 1921 huet hien zu Miersch als Véidokter geschafft. Hien ass dunn nach eng Kéier op Bréissel a Paris-Alfort weiderstudéiere gaangen, wou e sech op Bakteriologie spezialiséiert huet. 1924 gouf hien zu Lëtzebuerg zum Direkter vum nei geschafene veterinärmedezinesche Laboratoire ernannt, a kuerz drop vun der Inspection générale véterinaire. Nieft de gängege Véikränkten an hirer Bekämpfung war hien op Päerdszuucht spezialiséiert; hie war ë. a. Direkter vum Studbook a President vun der Körkommissioun. 1955 gouf e pensionéiert.[1]

Dono huet hie sech politesch engagéiert; hie war Kandidat bei de Chamberwale vum 1. Februar 1959 an ass 1961, nom Doud vum Lucien Koenig, fir dësen an d'Chamber nogeréckelt, wou e säi Mandat 1964 op en Enn bruecht huet.[3]

Vun 1963 u war hie Member vum Stater Gemengerot[1].

Remove ads

Gielercher[2]

Referenzen

  1. Dr. Edouard LOUTSCH, méd. vét. In: Luxemburger Wort, 122. Jg., n° 102/103 (12.04.1969), p. 9 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  2. Avis de décès 10 Page 8. In: Luxemburger Wort, 122. Jg., n° 91 (01.04.1969), p. 8 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  3. Les Députés du Grand-Duché de Luxembourg. op industrie.lu (nogekuckt: 11.10.2025). Baséiert op: La Chambre des députés: histoire et lieux de travail. [Auteurs: Nicolas Als, Robert L. Philippart ; coordination: Guillaume Wagener, Pierre Dillenburg ; conseiller historique: Gilbert Trausch]. Luxembourg 1994, S.507-533.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads