Edouard Metz

lëtzebuergeschen Ingenieur From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Den Edouard Metz, gebuer den 12. Februar 1831 zu Konz bei Tréier, a gestuerwen den 13. Februar 1895 zu Eech, war e lëtzebuergeschen Ingenieur[1].

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

1852 hat hie säin Ingenieursstudium ofgeschloss a goung op d'Eecher Schmelz schaffen, déi vu sengem Monni, dem Auguste Metz, geleet gouf. 1866 gouf hien do selwer Direkter.[2]

Hie war vun 1882 bis 1884 Vizepresident a vun 1884 bis zu sengem Doud President vun der Chambre de commerce[3].

Hie war och vun 1883 bis 1890 den 1. President vum Pompjeesverband zu Lëtzebuerg[3].

Hie war 30 Joer Member vum Gemengerot vun der Gemeng Eech.

Remove ads

Gielercher

Kuckt och

Referenzen

  1. "Edouard Metz". In: Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule 12, S.346, op luxemburgensia.bnl.lu
  2. Evy Friedrich: Kalennerblieder 1, Lëtzebuerg: Bourg-Bourger, 1979, S.53.
  3. "Edouard Metz". In: Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule 12, S.348, op luxemburgensia.bnl.lu
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads