Erlangen ass eng kreesfräi Stad am bayeresche Regierungsbezierk Mëttelfranken. D'Stad ass de Sëtz vum Landkrees Erlangen-Höchstadt an ass mat eppes méi wéi 103.000 Awunner déi klengst vun den 8 Groussstied am Fräistaat Bayern.
Zesumme mat Nürnberg a Fürth, gehéiert Erlangen zu der Metropolregioun Nürnberg, eng vun den 11 Metropolregiounen an Däitschland.
Geographie
Erlange läit um Bord vum mëttelfränkesche Becken, parallel zum Floss Regnitz an zum Main-Donau-Kanal. Nërdlech vun der Bannestad leeft de Schwabach dee vun Oste kënnt an d'Regnitz.
Nopeschgemengen
Follgend Gemengen oder Stied a gemengefräi Gebidder leien ëm Erlangen:
Mark, Möhrendorf, Bubenreuth, Marloffstein, Spardorf und Buckenhof, Buckenhofer Forst, Nürnberg, Fürth, Obermichelbach, Herzogenaurach an Heßdorf.
Opdeelung vun der Stad
Erlangen ass an 20 Quartieren agedeelt.
|
|
|
|
Geschicht
Démographie
Jumelagen a Partnerschaften
Jumelagen
| Eskilstuna (1961) | |
| Rennes (Frankräich) (1964) | |
| Wladimir (1983) | |
| Jena (1987) | |
| Stoke-on-Trent (England) (1989) | |
| San Carlos (1989) | |
| Beşiktaş (Stadbezierk vun Istanbul) (2003) |
Partnerschaften
| Shenzhen, Regionalpartnerschaft zanter 1997 | |
| Richmond, (Virginia), Kooperatiounsvertrag zanter 1998 | |
| Cumiana, Frëndschaftsstad zanter 2001 | |
| Ajman, Kooperatiounsvertrag zanter 2005 | |
| Umhausen, Partnerschaft zanter 2006 |
Um Spaweck
| Commons: Erlangen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.