Istanbul
Stad an der Tierkei From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Istanbul (tierkesch İstanbul), dat aalt Konstantinopel, ass mat 15.655.924 Awunner (Stand 2023)[1],[2] déi gréisst Stad an der Tierkei a gouf ënner dem Numm Byzantion gegrënnt.
| Dëse Geographiesartikel iwwer d'Tierkei ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Stad läit souwuel op der europäescher wéi och op der asiatescher Säit un den Uwänner vum Bosporus an ass dofir déi eenzeg Metropol, déi sech iwwer zwéi Kontinenter erstreckt. Mat hirer bal dräidausendjäreger Geschicht ass s'eng vun den eelste Stied, déi haut nach op der Welt bestinn. Istanbul ass de Kultur- a Wirtschaftszentrum vun der Tierkei. Traditiounsgeméiss ass Istanbul de Sëtz vum Patriarch vu Konstantinopel, deen als Chef vun der ganzer Orthodoxie unerkannt ass. D'Stad ass de Sëtz vum Äerzbëschof vun der tierkesch-orthodoxer Reliounsgemeinschaft, vum armeeneschen Äerzbëschof a vum tierkeschen Ieweschte Rabbiner.
Remove ads
Geographie

D'Stad Istanbul ass an 39 Staddeeler agedeelt: 25 op europäeschem, a 14 op asiateschem Buedem.
Kultur
Istanbul ass eng Universitéitsstad an huet a senge Mauere Bibliothéiken, eng Rei vu Muséeën an och auslännesch Kulturinstituten. D'Alstad vun Istanbul gouf 1985 op d'UNESCO-Lëscht vun de Weltkulturierwe gesat.
Istanbul war 2010, mat Essen a Pécs, Europäesch Kulturhaaptstad.
Kuckeswäertes



- Blo Moschee
- Moschee Hagia Sophia
- Topcapi Palace
- Grousse Basar
Remove ads
Sport
Geschicht
Ekonomie
Literatur
Um Spaweck
| Commons: Istanbul – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
- Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
