Euphrat

From Wikipedia, the free encyclopedia

Euphrat
Remove ads

Den Euphrat, Algriichesch: Εὐφράτης - Euphrátēs, Arabesch: al-Furāt, Kurdesch: Firat, Tierkesch: Fırat, ass de gréisste Stroum a Westasien.

op ee Bléck Längt, Debit ...
Thumb
Den Euphrat bei Ar-Raqqa a Syrien.

En huet eng Längt vun 2.736 km; zielt ee säi längste Quellfloss, de Murat, mat derbäi, sinn et der 3.380. De Karasu ("Schwaarzt Waasser") ass deen anere Quellfloss. Déi zwéin hunn hiren Urspronk an der Tierkei an den Taurus-Bierger a lafen zimmlech parallel Richtung Westen. Am Keban-Barrage (675 km²; 31 km³) vereenege se sech zum Euphrat. Dono leeft de Stroum duerch de Karakaya-Barrage (268 km²; 9,58 km³), den Atatürk-Stauséi (817 km²; 48,7 km³) an d'Euphrat-Staustuf Birecik (1,2 km³). Den ieweschte Laf vum Floss markéiert déi historesch Grenz têscht Klengasien a Mesopotamien. Dono leeft den Euphrat duerch Syrien, den Tischrin-Barrage mam Assad-Stauséi, an a südësltecher Richtung duerch den Irak mam Haditha-Barrage (500 km²; 6,4 km³). Do vereenegt e sech mam Tigris zum Schatt al-Arab, deen an de Persesche Golf leeft.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Euphrat – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads