Eurovision Song Contest 1958

3. Editioun vum europäesche Museksconcours From Wikipedia, the free encyclopedia

Eurovision Song Contest 1958
Remove ads

Den 3. Eurovision Song Contest (offiziell de Grand Prix Eurovision de la Chanson Européenne), war den 12. Mäerz 1958 an Holland. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dëst Joer an den AVRO Studios zu Hilversum. Moderatorin war d'Hannie Lips. Eng nei Natioun, Schweden, ass derbäikomm. Groussbritannien huet awer dëst Joer net matgemaach, dofir ass d'Gesamtzuel vun de Länner d'selwecht bliwwe wéi dat Joer virdrun.

Méi Informatiounen 3. Eurovision Song Contest ...
Thumb
AVRO Studios zu Hilversum, 2006

1958 huet et sech agebiergert datt de Grand Prix ëmmer soll an deem Land ofgehale ginn dat am Joer virdru gewonnen hat.

D'Gewënnerinne vun de Virjoren, d'Lys Assia an d'Corry Brokken hunn 1958 och nees matgemaach. Fir Däitschland ass fir d'zweet Kéier d'Margot Hielscher ugetrueden.

D'Ofstëmmung gouf gemaach wéi dat Joer virdrun: An all Land souzen 10 Jurysmemberen, déi jeeweils eng Stëmm ze verginn haten. D'Resultater goufen telefonesch an ëffentlech op Hilversum iwwermëttelt.

Déi éischt Plaz krut de Vertrieder vu Frankräich André Claveau mat 3 Punkte Virsprong virum Lys Assia (Schwäiz). Déi drëtt Plaz krut den Domenico Modugno, dee fir Italien ugetruede war.

Remove ads

Klassement

Méi Informatiounen Plaz, Land ...
Remove ads

Um Spaweck

Méi Informatiounen Frankfurt um Main (Däitschland), Cannes (frankräich) ...
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads