Eurovision Song Contest

internationale Museksconcours From Wikipedia, the free encyclopedia

Eurovision Song Contest
Remove ads

Den Eurovision Song Contest (ofgekierzt: ESC, fréier besser bekannt als Grand Prix Eurovision de la Chanson) ass en internationale Museksconcours fir Komponisten a Lidderschreiwer, deen zanter 1956 all Joer vun der European Broadcasting Union organiséiert gëtt. D'Ureegung dofir war vum Festival vu Sanremo (Italien) beaflosst, dee schonn 1951 an d'Liewe geruff gouf. Bei deem Concours kënne grondsätzlech all Memberlänner vun der EBU, zu där och e puer asiatesch an afrikanesch Staate wéi Israel, Libanon a Marokko, an och Australien gehéieren, matmaachen. Sou kann all Land wat deelhëlt e Lidd an d'Course schécken, am Hoffes dofir déi meescht Stëmmen ze kréien a sou ze gewannen.

Thumb
1958: D'Solange Berry séngt fir Lëtzebuerg "Un grand amour" a kritt dofir e ganze Punkt.

Obwuel et eigentlech e Concours fir Komponisten a Lidderschreiwer ass, gëtt an de Medien an an der Ëffentlechkeet méi Wäert op d'Interprete vum Lidd geluecht an aus wat fir engem Land se kommen. Dofir gëtt de Concours zimmlech kontrovers diskutéiert an d'Meenungen dozou si staark polariséiert.

De Concours gëtt normalerweis an deem Land organiséiert, dat de Grand Prix am Joer virdru gewonnen huet. Et ass awer schonn e puermol virkomm dat e Gewënnerland, dat z. B. zweemol hannerenee gewonnen hat, de Concours net méi selwer wollt organiséieren, meeschtens aus finanzielle Grënn, an dann un en anert Land iwwerginn huet.

Zanter 2004 gëtt de Concours mat enger Halleffinall an enger Finall ausgedroen an zanter 2008 ginn zwou Halleffinallen an eng Finall ausgedroen. Den Oflaf vun de Sendungen ass zimmlech standardiséiert. Am éischten Deel presentéieren d'Interpreten hir Lidder. Duerno kënnt eng Paus wou d'Ofstëmmunge kënne gemaach an ausgewäert ginn. Déi Paus gët duerch e Showprogramm gefëllt, dee sougenannten Interval act. Duerno gëtt dann d'Punkteverdeelung vun alle bedeelegte Länner bekannt ginn. Zum Schluss däerf de Gewënner säi Lidd eng zweet Kéier presentéieren.

Déi lescht, 67. Editioun vun der Finall vum Concours war den 13. Mee 2023 zu Liverpool (Groussbritannien). Gewonne gouf se vum Loreen mam Lidd Tattoo (Schweden). Déi nächsten Ausgab ass fir den x. Mee 2024 zu Stockholm virgesinn.

Remove ads

Lëtzebuergesch Erfolleger

Lëtzebuerg huet de Grand Prix am Ganze fënnefmol gewonnen a läit domat op der drëtter Plaz am Gesamtranking, hanner Irland (7 Victoiren) a Schweden (6 Victoiren), a gläichop mat Frankräich a Groussbritannien.

Déi lescht Kéier huet Lëtzebuerg 1993 um Concours deelgeholl. Dat war mam Jimmy Martin an der Simone Weis als Duo Modern Times. Offiziell hunn zanterhier d'Sue gefeelt fir matzemaachen, mä et war virun allem esou, datt RTL keen Intressi méi hat, fir beim gréisste Museksconcours iwwerhaapt matzemaachen.

Den 12. Mee 2023 huet de Regierungsrot decidéiert, vun 2024 un nees matzemaachen. Dës Decisioun vu Lëtzebuerg gouf den Dag duerno och an der Finall vum ESC zu Liverpool dem Publikum matgedeelt.[1]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de lëtzebuergesche Bäiträg beim Eurovision Song Contest.

Remove ads

Lëscht vun de Gewënner

Méi Informatiounen Joer, Bezeechnung & Plaz ...
Remove ads

Datum vum Bäitrëtt

Bis elo hunn 52 Länner op d'mannst 1-mol beim ESC matgemaach. An der Tabell hei drënner steet fir all Land d'Joer wou et fir d'éischt matgemaach huet.

a) Virun 1990 huet Däitschland nëmme West-Däitschland vertrueden (d'Bundesrepublik)
b) Mat "Jugoslawien" ass déi sozialistesch Bundesrepublik Jugoslawie gemengt mat Ausnam vun 1992 wou d'Bundesrepublik Jugoslawie gemengt ass. Dës Natioun huet sech am Laf vun 1991/1992 a fënnef onofhängeg Staaten opgeléist: Slowenien, Kroatien, Nordmazedonien, Bosnien an Herzegowina an d'Bundesrepublik Jugoslawien, déi sech dunn 2003 als Serbien-Montenegro konstituéiert huet an 2004 dem ESC bäigetratt ass. 2006 huet et sech opgeléist fir déi zwéi Staaten, Serbien a Montenegro ze ginn, déi 2007 allen zwéin dem ESC bäigetratt sinn.
c) Australien huet 2015 ausnamsweis dierfe matmaachen, obwuel et net Member vun der EBU ass. Am Fall vun engem Gewënn wier den ESC net an Australie gewiescht, mä a Kollaboratioun mat engem anere Land an Europa. Och 2016 krut Australien d'Méiglechkeet matzemaachen.

Gewënner pro Land

Thumb
D'Zuel vun de Gewënner fir all Land.

D'Joer a Schréischrëft ass d'Zeeche fir eng gedeelt Gewënnerplaz

Remove ads

Gewënner pro Sprooch

Tëscht 1966 an 1973, an nees tëscht 1977 an 1998, war et de Länner nëmmen erlaabt den Optrëtt an enger vun hiren offizielle Sproochen auszeféieren.

Thumb
Der Marija Šerifović hiert "Molitva" war dat éischt Lidd dat de Grand Prix a serbescher Sprooch gewonnen huet, an déi éischt Gewënnerin zanter 1998 déi komplett an enger anerer Sprooch wéi Englesch séngt.
a) "Wild Dances", (2004): Dëst Lidd war deelweis op Ukrainesch gesongen.
b) "1944", (2016): Dëst Lidd war deelweis op Krimtataresch gesongen.
Remove ads

50-Joer-Jubiläum

Den 22. Oktober 2005 war zu Kopenhagen eng Jubiläumsshow mam Titel Congratulations. Domat gouf de 50-Joer-Jubiläum vum Eurovision Song Contest gefeiert. D'Zil vun der Show war et, dat bescht Lidd vum Grand Prix ënner allen Titelen z'ermëttelen, déi jeemools deelgeholl hunn. Op der offizieller Internetsäit eurovision.tv konnt jiddweree seng Stëmm fir säi Favorit beim ESC ofginn. Déi zéng Lidder mat de meeschte Stëmme koumen an d'Halleffinall. Zousätzlech huet eng Jury vun der EBU véier weider Titelen an d'Halleffinall gewielt, soudatt am Ganze 14 Titelen zur Wiel stoungen.

An der Halleffinall goufen iwwer Telefonvoting déi fënnef bescht Lidder gewielt. Am zweeten Duerchgang, also an der Finall, gouf duerch e weideren Telefonvoting d'Plaz vun dëse fënnef Lidder festgeluecht.

D'Show gouf vun der brittescher ESC-Gewënnerin Katrina Leskanich (Katrina & The Waves, ESC-Gewënner 1997) an dem letteschen ESC-Drëttplacéierte vun 2000, Renars Kaupers (Brainstorm) moderéiert.

Et koum dobäi zu follgende Resultater:

Méi Informatiounen Plaz, Joer ...
Remove ads

Literatur

  • Jan Feddersen: Ein Lied kann eine Brücke sein. Hoffmann und Campe Verlag 2002, ISBN 3-455-09350-7
  • John Kennedy O'Connor: Eurovision Song Contest – Das offizielle Buch zu 50 Jahren europäescher Popgeschichte, Gondrom Verlag 2005, ISBN 978-3811225367
  • Tim Moore: Null Punkte - Ein bisschen Scheitern beim Eurovision Song Contest, Covadonga Verlag 2007, ISBN 978-3936973280
  • Jan Feddersen: Wunder gibt es immer wieder: Das große Buch zum Eurovision Song Contest, Aufbau Taschenbuch 2010, ISBN 978-3746670744
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Eurovision – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Sandy Schmit: "And the winner is: Luxembourg 12 Points." rtl.lu, 12. Mee 2023.
  2. jiddwer Land huet zwee Lidder geschéckt
  3. 1969 sinn et véier Gewënner ginn
  4. (en) Eurovision 2020 in Rotterdam is cancelled. Eurovision.tv (18.03.2020). Gekuckt den 23.05.2021.
  5. Gewonnen als West-Däitschland
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads