FUNcube-1

From Wikipedia, the free encyclopedia

FUNcube-1
Remove ads

De FUNcube-1 (nom Start och AMSAT-OSCAR 73 genannt) ass en Amateurfunksatellit, deen a kollektiver Aarbecht vu britteschen an hollänneschen Amateurfunker entwéckelt a gebaut gouf. Formell ass de FUNcube-1 als hollännesche Satellit registréiert.[1]

FUNcube-1
Thumb
Den Amateurfunksatellit FUNcube-1
TypAmateurfunksatellit
Land
AgenturAMSAT-UK, AMSAT-NL
COSPAR-Bezeechnung2013-066AE
Apogeum690 km
Perigeum602 km
Bunnschréi97,8°
Mass1 kg
Bunn-Ëmlafzäit97,5 min
Exzentrizitéit
Start21. November 2013, 07:10 UTC
StartplazKosmodrom Jasny
DrorakéitDnepr
Statusaktiv

De Cubesat-Satellit gouf den 21. November 2013 vum Kosmodrom Jasny aus gestart. Hie gouf zesumme vun AMSAT-UK an AMSAT-NL gebaut an huet en 20 kHz breeden Lineartransponder fir Zweewee-Funkverkéier mat Uplink am 70-Zentimeter-Band an Downlink am 2-Meter-Band u Bord.

D'Buedemkontrollstatioun steet am National Radio Centre vun der Radio Society of Great Britain beim Museum am Bletchley Park.[2]

Remove ads

Empfänger

Thumb
Empfänger mat USB- an Antennebéchs

Fir d'Ënnerstëtzung vu Schoulen an aneren Interessenten, déi FUNcube empfänke wëllen, huet AMSAT en einfache SDR-Empfänger a Form vun engem USB-Stick entwéckelt.[3]

De "FUNcube Dongle" genannten Empfänger ass vun der Langwellefrequenz 150 kHz bis 1,9 GHz ze benotzen, also och fir den Empfang vu Radio an aner Satellittesignaler gëeegent.[4]

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Referenzen

  1. Testbericht FUNcube-Dongle (däitsch; PDF; 2,5 MB)

>

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads