Falling Promises

From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Falling Promises war eng lëtzebuergesch Metalcore-Band, déi tëscht 2008 an 2014 existéiert huet.

Séier Fakten Museksgenre, Land ...

D'Membere vun der Band waren de Mike Rodrigues (Gesang), den Eric Weishaar (Gittar), de Cédric Grün (Gittar), de Steve de Castro (Bassgittar) an de Charly Beck (Batterie).

De 24. September 2011 hu si d'EP mam Numm Diary erausbruecht.

Den 21. September 2013 hätt sollen de Studiosalbum Dystopia verëffentlecht ginn. Wéinst dem Doud vum Gittarist Cédric Grün am August 2013 ass deen awer dunn eréischt de 6. Dezember erauskomm.[1],[2] Genee wéi d'EP ass den Album mam Phil Hillen zu Boston opgeholl ginn.[3]

Den 9. November 2014 huet d'Grupp dunn hir Opléisung op Facebook bekannt ginn.[4]

De 25. Januar 2019 hunn déi fréier Membere vun der Band sech mat der Band Everwaiting Serenade zesummegedoe fir d'Supergroup Fallen Serenade ze grënnen.

Remove ads

Referenzen

  1. rtl.lu: Falling Promises verëffentlechen haut hir CD (leschten Update: 21. Januar 2014)
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads