Félix Gredt
lëtzebuergesche Jurist an Auteur From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De (Jean) Félix Gredt, gebuer de 16. Juli 1868 an der Stad, a gestuerwen den 12. Februar 1922 zu Lëntgen,[1] war e lëtzebuergesche Jurist an Auteur.[2]
Säi Liewen
De Félix Gredt war de véierte Jong vum Kolléisch-Direkter an Auteur Nicolas Gredt. No senge Secondairesstudien am Stater Kolléisch huet hien Droit studéiert, gouf Docteur en Droit an huet noeneen als Affekot, als Riichter an als substitut du Procureur um Beziirksgeriicht Dikrech geschafft. Niewelaanscht huet de Félix Gredt, tëscht 1896 an 1901, Coursen am Droit commercial op der Industrie- an Handelsschoul an der Stad ginn.[1]
De Félix Gredt hat d'Marie (Thérèse Julie) Schaan zu Antwerpen bestuet, an d'Koppel krut zwee Kanner: de Jean (Félix Marie Nicolas) Gredt (1896-1980) an d'Marie-Thérèse (Françoise) Gredt (1897-1926).[1] D'Famill huet zum Schluss zu Lëntgen gewunnt, wou de Félix Gredt och gestuerwen ass. Hie gouf de 14. Februar 1922 am Familljegraf um Nikloskierfecht an der Stad begruewen.[3]
De Félix Gredt war de Brudder, ë. a. vum Pater Joseph Gredt, O.S.B., a vum Ingenieur Paul Gredt.
Remove ads
Publikatiounen
- Das versunkene Schloss: eine dichterische Bearbeitung der Sage: “Das Bofferdanger Moor bei Oberkerschen” aus dem Sagenschatz des Luxemburger Landes von Dr. N. Gredt, Director des Athenäums., s.l., n.d. (Luxemburg, Peter Brück, 1886), 2 S. in fol. respektiv 4. S. in 8°.[4]
- Vie du bienheureux Pierre de Luxembourg ; Luxembourg: Imprimerie St. Paul, 1922, 46 S.[5]
Literatur
- Edouard Kayser, 2014. Les frères Alphonse, Paul et Félix Gredt - Trois autres anciens de l'Athénée ; in: annALes de l'Athénée / d'annALe vum Staadter (sic) Kolléisch, 07/2013-2014; Lëtzebuerg (Drock: saint-paul luxembourg), Sept. 2014; Ss. 384-389 (ill. + Bibliographie). ISBN 978-99959-631-6-3
- Kayser, Edouard M., 2014. Esquisse d'histoire familiale: Les Gredt de Luxembourg au XIXe siècle et au début du XXe. Récré / Ausbléck 28. Éditions de l'APESS (Drock: REKA, s.a., Éilereng), 2014; Ss. 73-91 (ill.). ISBN 978-2-87979-128-9
Referenzen
- Privatarchiv (Familljepabeieren).
- Luxemburger Wort 1922, Nr. 37 (13. Februar), S. 4 (Avis mortuaire) Archivéiert den 21.02.2025. Gekuckt den 19.10.2011.
- Blum, M., 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. Kraus International Publications, München, vol. 1: A-L, S. 369.
- Referenz: Jules Vannérus, Douze années d'Histoire luxembourgeoise ; in: Revue belge de philologie et d'histoire, 1931, Bd. 10, Nr. 10-3; vgl. S. 836 & d'Foussnout Nr. 265! — Kuck: Katalog BNL
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads