Dikrech

lëtzebuergesch Stad, Chef-lieu vum Kanton an der Gemeng Dikrech From Wikipedia, the free encyclopedia

Dikrech
Remove ads

Dikrech (lokal: Dikrich[1]) ass eng vun den 12 lëtzebuergesche Stied an déi eenzeg Uertschaft an der Gemeng Dikrech.

Séier Fakten Dikrech Dikrich, Aussprooch ...

D'Stad ass den Haaptuert vum Kanton Dikrech, wéi och vum fréieren Distrikt. Dikrech bilt, zesumme mat de Gemenge Bettenduerf, Ettelbréck, Ierpeldeng, Schieren a Colmer-Bierg den Zentrum vun der Nordstad. Déi Regioun gëllt, nom IVL, nieft der Stad an Esch-Uelzecht, als drëtten Entwécklungspol vum Grand-Duché.

D'Symbol vun Dikrech ass den Iesel. Zu sengen Éiere steet den Ieselsbuer, entworf vum Bonifatius Stirnberg, an der Groussgaass.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Dikrecher Iesel.

Remove ads

Den Numm

Hiren Numm huet d'Stad, dem Vaterländliches Lesebuch für die luxemburger Volkschule 1885 no, aus der Zäit vum Karel dem Groussen. Hien huet um Enn vum 8. Joerhonnert Sachsen an d'Géigend vun Dikrech ëmsidele gelooss, fir s'ënnert seng Kontroll ze bréngen. Fir déi heednesch Sachsen zum Chrëschtentum ze bekéieren huet hien dunn zu Dikrech eng Kierch baue gelooss. Duerch den Numm, deen d'Sachsen der Kierch ginn hunn (Diet-Kirch = Vollekskierch), ass am Laf vun der Zäit den Numm Dikrech entstanen.

Et ass awer méi warscheinlech, datt Dikrech scho virum Karel dem Groussen zu de fréiste Paren am Land gehéiert huet, wéi Obeler, Hollerech, Weimeschkierch, Miersch, asw.[2]

Ënner der Bezeechnung Diecirke gouf d'Stad Dikrech fir d'éischt am Joer 1182 an engem Dokument ernimmt.

Remove ads

Geschicht

Thumb
Dikrech ëm 1600, gemoolt vum Jean Bertels aus der Abtei Iechternach.

Schonn an der Réimerzäit gouf et op der Plaz vun der haiteger Alstad e grousse landwirtschaftlechen Haff. Do virdrun huet de Kiem Tongeren-Tréier iwwer d'Sauer gefouert.

Am Mëttelalter hunn d'Dikrecher sech mat Festungsmauere geschützt, mat 8 Tierm a 4 Paarten, virun deenen e Waassergruef war.

Dikrech ass och bekannt duerch säi fréieren Hippodrom, op deem 1895 déi éischt Päerdscourse zu Lëtzebuerg geridde gouf. D'Päerdscourssen, déi do bis zum Zweete Weltkrich, an nach eng Kéier duerno, geridde goufen, waren ëmmer staark besicht.

Déi schwéierst Zäit hat Dikrech, wéi déi meescht Éisleker Gemengen, am Zweete Weltkrich. Zemools am Dezember 1944, wou de ganze Sauerdall d'Südflank vun der Ardennenoffensiv war, gouf et zu Dikrech schwéier Gefechter, bei deenen den Zentrum vun der Stad bal ganz zerstéiert gouf.

Zanter 1955 ass zu Dikrech, um Härebierg, an der eenzeger Militärkasär vum Land, d'Lëtzebuerger Arméi stationéiert.

Remove ads

Jumelagen

Kuckeswäertes

Thumb
D'Gare vun Dikrech.
Thumb
D'Sauerbréck zu Dikrech am Abrëll 2017
Thumb
Déi sougenannt 'Stole Bréck' zu Dikrech am Abrëll 2017
Thumb
D'Wirtgensschlass am Abrëll 2017
Thumb
Déi nei St.-Laurenz-Kierch am Mee 2011

Muséeën

  • De gréisste Musée zu Dikrech ass den Nationale Militärgeschichtsmusée, de Musée national d'histoire militaire (MNHM), op Englesch National Museum of Military History. Nieft dem wichtegsten Deel, senger Sammlung aus der Ardennenoffensiv, behandelt d'Ausstellung och Theeme wéi d'Gefaangenschaft vun de Lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert oder d'Grënnung vun der Lëtzebuerger Arméi an hir Aufgaben nom Krich.
  • De Geschichtsmusée vun der Stad Dikrech nieft der St Laurenz Kierch, de Musée d'histoire(s) Diekirch (MHSD), an deem e Réimermosaik aus dem 3. Joerhonnert ausgestallt ass. Vum Musée aus kann een d'Krypta vun där Kierch gesinn. De Musée ass de 17. September 2011 opgaangen.
  • De Conservatoire national de véhicules historiques (CNVH) an der fréierer Kutschefabréck Jean-Wagner.
  • De Geschichtsmusée vun der Dikrecher Brauerei: Musée d'histoire de la brasserie de Diekirch.
  • De Beiemusée.
  • Den Däiwelselter ass dat eelst Monument zu Dikrech. De 7 Meter héije Steebou ass awer keen Altor, mä et soll sech ëm e Graf handelen, dat vun 2000 v. o. Z. stame soll, dat 1892 zu engem Steebou zesummegesat ginn ass.
  • Am Staddeel Al Dikrech steet déi fréier Parkierch St Laurenz Kierch aus dem 6. Joerhonnert, einfach Al Kierch genannt, an där reegelméisseg Concerte gespillt ginn. Déi nei St Laurenz Kierch ass aus dem 19. Joerhonnert.
  • Den Ieselsbuer an der Groussgaass.
  • D'Zockerfabrick vun der aler Dikrecher Brauerei, déi zanter 2011 op der Lëscht vun den immeubles et objets inscrits à l'inventaire supplémentaire[3] stoung, ass den 18. Abrëll 2021 duerch e Groussbrand staark beschiedegt ginn[4].
Remove ads

Verschiddenes

Lycéeën

Manifestatiounen

Zu Dikrech gëtt et e puer grouss Manifestatiounen, déi am ganze Land bis iwwer d'Grenzen eraus bekannt sinn:

Bekannt Dikrecher

Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Dikrech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Biller

Referenzen

  1. Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert den 11.08.2020. Gekuckt de 14.06.2020.
  2. Emile Donckel "Wenn der Ortsname auf Volkskirche gedeutet werden könnte, dann allerdings dürfte bereits vor der Einrichtung der Pfarrorganisation in der Merowingerzeit in Diekirch ein kirchlicher Stützpunkt bestanden haben". Unsere Pfarrer von 1326 bis 1793 - Ein Beitrag zu einer Pfarrgeschichte von Diekirch, in: 700 - Livre du 7ième Centenaire de l'Affranchissement de la Ville de Diekirch; Dikrech (Imprimerie du Nord), 1960; vgl. d'Ss. 69- 91.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads