Fernand Bertemes

lëtzebuergesche Moler From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

De Fernand ("Fern") Bertemes, gebuer de 16. August 1964 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Moler.

op ee Bléck Gebuer, Nationalitéit ...

Liewen a Wierk

De Fernand Bertemes ass an der Escher Maternité op d'Welt komm; seng Famill huet zu Näerzeng gewunnt. Hien ass dem Marc Bertemes säi grousse Brudder.[1] Hien huet op der Universiteit zu Stroossbuerg (1983-1987) an op der École supérieure des arts décoratifs (1986-1988) och do, studéiert.[2]

De Bertemes ass Member vum Cercle artistique de Luxembourg,[3] a stellt op deem senge Salonen aus. Donieft huet hien Ausstellungen ë. a. a Frankräich gehat an huet eng Rëtsch Auszeechnunge fir säi Wierk kritt.

Hie wunnt a schafft ofwiesselnd zu Paräis an an der Stad Lëtzebuerg.

Remove ads

Auszeechnungen

  • 1985: Prix d'encouragement aux jeunes artistes, CAL, Luxembourg
  • 1987: Prix de la Critique, Biennale des Jeunes, Esch-sur-Alzette
  • 1991: 1. Präis, Open Air Konstfestival, Lëllgen
  • 1993: Médaille d'argent, Prix de la Ville de Sarreguemines
  • 1994: Mention du Jury, Festival de la Peinture, Cagnes-sur-Mer
  • 1998: Prix du Conseil Municipal, Salon d'art contemporain de Montrouge, Montrouge
  • 2007: Lëtzebuerger Filmpräis an der Kategorie "Bescht technesch Kontributioun" fir de Schnëtt a Le gardien du nid
Remove ads

Literatur

Um Spaweck

Referenzen

  1. "BERTEMES Fernand", Cercle artistique de Luxembourg. Archivéiert den 20. Juni 2023.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads