Fernand Jeitz
lëtzebuergesche Sportler From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Fernand Jeitz, gebuer den 29. September 1945 an der Stad Lëtzebuerg, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller.[1]
Hien huet vun 1963 bis 1967 fir d'Aris Bouneweg gespillt. Duerno war hie vun 1967 bis 1977 beim FC Metz, wou hien an 359 Matcher 5 Goler geschoss huet. Vun 1977 bis 1979 huet hie fir den FC Thionville gespillt.
Tëscht dem 21. Oktober 1964 am 8. Abrëll 1973 huet hie 36-mol fir déi Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[2]
1979 gouf hie Spillertrainer bei der Aris Bouneweg a vun 1982 bis 1984 hat hien déi selwecht Funktioun beim FC Mamer 32.[3]
Vun 1984 bis 1986 war hien Trainer beim FC Sporting Mäerzeg an duerno an der Saison 1986-87 bei der Aris Bouneweg.
Remove ads
Kuckt och
Portal Sport- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Referenzen
- De Fernand Jeitz op worldfootball.net
- Lëscht vun de Lännermatcher vum Fernand Jeitz op eu-football.info
- De Fernand Jeitz op Footballdatabase.eu
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads