Fernand Morbach

lëtzebuergesche Journalist a Fotograf From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

De Fernand ("Fern") Morbach, gebuer den 20. Mee 1960 an opgewuess zu Uespelt, ass e lëtzebuergesche Journalist a Fotograf.

op ee Bléck Gebuer, Nationalitéit ...

No senger Première am Stater Jongelycée am Joer 1980 huet hien am September 1983 ugefaange beim Luxemburger Wort ze schaffen. An den 1980er Jore sinn eng Rei Fotoreportagë vun him publizéiert ginn, wéi déi vum Foussball-Lännermatch Lëtzebuerg-England, de 16. November 1983 (zesumme mam Lé Siebenaler).[1] Dono war hie vun 1995 bis 2004 Chefredakter vum Télécran.

Vun 2004 bis 2012 war hie Chefredakter vum Online-Noriichtesite Wort.lu. Ënner senger Regie gouf ë. a. d'Zesummenaarbecht mat der Redaktioun vun der geschriwwener Press verdéift, sou datt Artikelen aus der Zeitung och online op Wort.lu publizéiert ginn.[2] Zanter dem Oktober 2013 schafft hie rëm a senger fréierer Funktioun als Chefredakter vum Télécran.[3]

Dës Weidere schreift hien e puermol am Mount Leetartikelen am Wort iwwer aktuell politesch Theemen.

Hien ass bestuet a Papp vun 2 Kanner.

Remove ads

Referenzen

  1. "Redaktionsteam vum Télécran" Archivéiert den 23.03.2016. Gekuckt den 10.03.2016.


Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads