Ferschweiler
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Ferschweiler ass eng Uertsgemeng vun der Verbandsgemeng Südeifel am Äifelkrees Béibreg-Prüm, am Däitsch-Lëtzebuerger Naturpark a Rheinland-Pfalz.

Se läit op engem Plateau vum Lëtzebuerger Sandsteen, Ferschweiler Plateau genannt.
Remove ads
Geschicht
Ferschweiler gouf eng éischt Kéier 751 an enger Charte vum Klouschter Iechternach als Vilare ernimmt; et gëtt ugeholl, datt et op Reschter vun enger réimescher Besidlung zeréckgefouert ka ginn. Bis un d'Enn vum 18. Joerhonnert ass d'Geschicht vu Ferschweiler enk mam Klouschter Iechternach verbonnen, deem et weltlech wéi kierchlech ënnerstallt war. A Chartë vun 1069 an 1148 gëtt d'Uertschaft Wilre genannt, als Vertswiler gëtt 1161 eng „ecclesia“, 1410 eng Kapell ernimmt. 1528 gouf et zu Verswiler néng Stéit.
1538 gouf eng Kierch am spéitgotesche Stil gebaut; den Tuerm dovun, no der Hl. Lucie Luzienturm genannt, steet nach haut do.
Awunner
|
|
|
Datequell: Statistisches Landesamt Rheinland-Pfalz
Remove ads
Kuckeswäertes
- * De Luzienturm.
- D'Ferschweiler Mille vu 1767 am Dall vun der Weilerbaach.
- D'Parkierch St. Luzia, 1826 gebaut, an no 1947 restauréiert.
Literatur
- Christian Oberweis: Der Ferschweiler Leute Buch, 2001.
Um Spaweck
![]() |
Commons: Ferschweiler – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads