Rheinland-Pfalz

Land vun der Bundesrepublik Däitschland From Wikipedia, the free encyclopedia

Rheinland-Pfalz
Remove ads

D'Rheinland-Pfalz ass e Bundesland am Südweste vun der Bundesrepublik Däitschland, wat den 18. Mee 1947 gebilt gouf. Gëlteg Ofkierzunge sinn RLP, RPF respektiv RP (woubäi dat lescht mat der neier Autosplack vum Rhein-Pfalz-Krees ka verwiesselt ginn).

Rheinland-Pfalz

Thumb

Thumb

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Däitsch
Haaptstad: Mainz
  Awunner: 217 123
Staatsform: Parlamentaresch Republik (semi-souverän)
  Ministerpresidentin: Malu Dreyer (SPD)
Fläch: 19 854,21 km²
Bevëlkerung: 4 098 391
  Bevëlkerungsdicht: 206/km²
Wärung: Euro
Zäitzon: UTC +1 (+2 am Summer)
Internet TLD: .de
Internationalen
Telefonsprefix
:
+49
Thumb

D'Rheinland-Pfalz grenzt un d'Bundeslänner Nordrhein-Westfalen, Hessen, d'Saarland, Baden-Württemberg an un d'Belsch, Frankräich a Lëtzebuerg.

Remove ads

Wopen a Symboler

De Landeswope vu Rheinland-Pfalz besteet aus dem Léiw vun der Pfalz, dem Kräiz vum Äerzbistum a Kurfürstentum Tréier souwéi dem Mainzer Rad an erënnert domat un d'Kurfürstentümer Tréier, Mainz a Pfalz, déi bis 1806 existéiert hunn.

Am ieweschte rietsen Drëttel ass dat zanter 1273 attestéiert Symbol vum Äerzbistum Tréier, d'rout Kräiz op wäissem Hannergrond. Am lénksen ieweschten Drëttel ass op roudem Hannergrond d'Sëlwerrad mat sechs Speechele vum Äerzbistum Mainz, wat och zanter dem 13. Joerhonnert als Sigel agefouert gi war. De gëllene Léiw am ënneschte schwaarzen Drëttel steet fir d'Kurpfalz, an ass op de besonnesche Rang vun den Herzoge vu Bayern als "Pfalzgrafen bei Rhein" zeréckzeféieren. Iwwer dem Schëld steet eng Kroun aus fënnef gëllene Wäiblieder, Rheinland-Pfalz ass e bedeitend Däitscht Wäibaugebitt.

Remove ads

Geographie

D'Rheinland-Pfalz ëmfaasst am Norde vun de Rheinesche Schieferbierger de südlechen Deel vun der Äifel, den Honsréck, de westleche Westerwald an den nordwestlechen Deel vum Taunus, souwéi am südleche Beräich d'Rhäinhessescht Hiwwelland, d'Nordpfälzer Biergland, de Landstuhler Bruch, d'Südwestpfälzesch Héichfläch, de Pfälzer Bësch an en Deel vun der Uewerrheinescher Déifebene. Den héchste Bierg ass den Erbeskopf (816 m) am Honsréck. Kuckt heizou och Bierger a Rheinland-Pfalz.

Duerch Rheinland-Pfalz fléissen déi grouss Bundeswaasserstroosse Rhäin, Musel, Saar a Lahn. Weider Flëss sinn Nahe, Sauer, Our, Glan a Sieg.

Remove ads

Administratioun

Landkreesser

Kuckt dozou och d'Lëscht vun de Landkreesser an Däitschland

A Rheinland-Pfalz gëtt et 24 Landkreesser:

Thumb
Kaart vun de Landkreesser a Rheinland-Pfalz
  1. Ahrweiler (AW)
  2. Altenkirchen (AK)
  3. Alzey-Worms (AZ)
  4. Bad Dürkheim (DÜW)
  5. Bad Kreuznach (KH)
  6. Bernkastel-Wittlich (WIL)
  7. Birkenfeld (BIR)
  8. Cochem-Zell (COC)
  9. Donnersbergkrees (KIB)
  10. Äifelkrees Bitburg-Prüm (BIT)
  11. Germersheim (GER)
  12. Kaiserslautern (KL)
  13. Kusel (KUS)
  14. Mainz-Bingen (MZ)
  15. Mayen-Koblenz (MYK)
  16. Neuwied (NR)
  17. Rhein-Hunsrück-Krees (SIM)
  18. Rhein-Lahn-Krees (EMS)
  19. Rhein-Pfalz-Krees (RP)
  20. Südlech Wäistrooss (SÜW)
  21. Südwestpfalz (PS)
  22. Tréier-Saarburg (TR)
  23. Landkrees Vulkanäifel (DAU)
  24. Westerwaldkrees (WW)

Kreesfräi Stied

  1. Frankenthal (Pfalz) (FT)
  2. Kaiserslautern (KL)
  3. Koblenz (KO)
  4. Landau an der Pfalz (LD)
  5. Ludwigshafen um Rhein (LU)
  6. Mainz (MZ)
  7. Neustadt op der Wäistrooss (NW)
  8. Pirmasens (PS)
  9. Speyer (SP)
  10. Tréier (TR)
  11. Worms (WO)
  12. Zweebrécken (ZW)

Kuckt dozou och d'Lëscht vun de kreesfräie Stied an Däitschland.

Regiounen

Rheinland-Pfalz ass an 9 Regiounen agedeelt:

Kuckeswäertes

Bauwierker a Kierchen

Thumb
Festung Ehrenbreitstein zu Koblenz
Thumb
Doum zu Mainz
Thumb
Doum zu Speyer
Thumb
Porta Nigra zu Tréier
Méi Informatiounen Uertschaft, Kuckeswäertes ...

UNESCO Weltierwen

Buergen a Schlässer

Thumb
Marksburg zu Braubach
Thumb
Trifels
Thumb
Kurfürstlecht Schlass zu Koblenz
Thumb
Buerg Pfalzgrafenstein
Thumb
Schlass Stolzenfels
Thumb
Buerg Thurant
Méi Informatiounen Numm, Aart/Zoustand ...
Remove ads

Politik

D'Ministerpresidenten zanter dem 13. Juni 1947:

Um Spaweck

 Commons: Rhineland-Palatinate – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads