Seechomessen

From Wikipedia, the free encyclopedia

Seechomessen
Remove ads

Seechomessen (Formicidae) sinn eng Famill vun den Insekten bannent der Uerdnung vun den Hymenoptera (Apocrita).

Méi Informatiounen Systematik, Wëssenschaftlechen Numm ...

Den Numm setzt sech zesummen aus "seech-" (vu seechen, well d'Déier bei Gefor e Gëft versprutzt) an "-omes", dat op dat alhoudäitscht ‚emaz‘, ‚ëmatîc‘ = Nhd. ‚emsig‘ ("fläisseg") zeréckgoe kéint[1].

Et gëtt, jee no Quell, tëscht 11.000[2] an 12.500[3] Aarte vu Seechomessen, dovun der eng 200 an Europa. Déi eelst fossiliséiert Fondstécker sinn aus der Kräidzäit a ginn op en Alter vu ronn 100 Millioune Joren datéiert. Et gëtt ugeholl, datt et déi Déiere scho virun 130 Millioune Joer gouf.[4]

All bekannt Seechomessenaarte sinn a Staaten organiséiert. Si stellen déi gréisst Grupp vun eusozialen Insekten duer.[5]

En typesche Seechomessestaat besteet aus e puer honnert bis zu e puer Milliounen Individuen. D'Déieren, a sou Staaten, si sou organiséiert (no "Kasten"), datt se verschidde Kategorië vun Aarbechte maachen, déi Haaptkategorië sinn Aarbechter, Weibchen (Kinnigin) a Männchen. D'Aarbechter hu bei de Seechomesse keng Flilleken, just déi geschlechtsräif Weibercher a Männercher.

Seechomessen hunn no Aart vill verschidde Liewensweisen: et gëtt "Jeeër", "Sammler" oder "Ziichter" (z. B. vu Blatlais), bis hin zu Aarten, déi Pilzen als Kascht kultivéieren, wéi z. B. d'Blatschneiderseechomessen (Gattungen Atta an Acromyrmex). Verschidden Aarte bedreiwe Sklaverei oder Sozialparasitismus, andeems s'entweeder d'Aarbechter vun aneren Aarte „versklaven“ (z. B. Polyergus rufescens), oder andeems hir Weibercher sech am Stack vun engem anere Staat "infiltréieren" an do hir Nokommen vun deenen opzille loossen (z. B. Anergates atratulus).[6][7]

Seechomessestaaten hunn en nohaltegen Afloss op hir Ëmwelt, andeems se déi iewescht Buedemschichten ëmkéipen, planzlecht Material ofbauen, Som verbreeden oder als Raiber d'Entwécklung vun aneren Arthropode reguléieren.[8]

D'Erfuerschung vun de Seechomessen heescht Myrmekologie.

Remove ads

Bezeechnungen

Dem Henri Klees no gëtt et follgend Nimm a Bezeechnungen:

Bujhel(l)i F. (Rodingen), Pujhelli, Däbbëssen, Dibbëssen (Pl.), Jaddermunnes F. (Lux., Ettelbrück), Jäjum(m)es, Jeemimes, Jéiermes, Jejom(m)es, Jejermuss, Omes, Omeseesch F. (Büringen), Owenzel (Du, längs der dt. Grenze, Dtl), Pischummes, Pissmummes, Sää(ch)mummes, -omes, See(ch)mummes, -om(m)es, -jummescht, Seemëchel, Seejomesch, Zamais (Coll. C)
Remove ads

Systematik

Fossil a rezent Seechomessen, kombinéiert no Moreau[9] a Ward[10]

Formicidae 

 Armaniinae*


     

 Sphecomyrminae


     

 Martialinae


     

 Leptanilloide, Leptanillinae


 Poneroide 

 Agroecomyrmecinae


     

 Amblyoponinae


     

 Paraponerinae


     

 Ponerinae


     

 Proceratiinae


     

 Brownimeciinae



 Poneroide 

 Ecitoninae


     

 Aenictinae


     

 Dorylinae


     

 Aenictogitoninae


     

 Cerapachylinae


     

 Leptanilloidinae


     

 Dolichoderinae


     

 Aneuretinae


     

 Pseudomyrmecinae


     

 Myrmeciinae


     

 Ectatomminae


     

 Heteroponerinae


     

 Myrmicinae


     

 Formicinae


     

 Formiciinae


     

 Paleosminthurinae




Remove ads

D'Seechomessen zu Lëtzebuerg

Tëscht 2013 an 2017 hunn d'Myrmekologe Philippe Wegnez, David Ignace a Cécile Morro en Atlas vun de Seechomessen zu Lëtzebuerg opgestallt, an deem 64 Aarten, aus 4 Ënnerfamillen, repertoriéiert sinn. 19 Aarte goufe vun hinnen eng éischt Kéier am Land nogewisen, iwwerdeems der 10, déi fréier eng Kéier signaléiert gi waren, entweeder ugezweifelt goufen, oder als warscheinlech net méi present deklaréiert goufen.[11]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Seechomessen zu Lëtzebuerg.

Literatur

  • Philippe Wegnez, David Ignace, Cécile Morro, 2021: Atlas des fourmis luxembourgeoises (Hymenoptera, Formicidae). Ferrantia 84, Musée national d'histoire naturelle, Luxembourg 2021 (ISSN 1682-5519).
  • Bert Hölldobler, Edward O. Wilson, 1995. Ameisen. Die Entdeckung einer faszinierenden Welt. Birkhäuser, Basel/Boston/Berlin. ISBN 3-7643-5152-7.
  • Bert Hölldobler, Edward O. Wilson, 2010. Der Superorganismus. Der Erfolg von Ameisen, Bienen, Wespen und Termiten. Springer Verlag, Berlin. ISBN 978-3-540-93766-1.
  • Wolfgang Schwenke, 1996. Ameisen: der duftgelenkte Staat (LB-Naturbücherei). Landbuch Verlag, 2. Auflage, Hannover. ISBN 978-3-7842-0309-6.
  • Bernhard Seifert, 2007. Die Ameisen Mittel- und Nordeuropas. Lutra, Görlitz/Tauer. ISBN 978-3-936412-03-1.
Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Seechomessen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wiktionnaire: Seechomes Definitiounen, Synonymmer an Iwwersetzungen

Referenzen

  1. Grimmsches Wörterbuch
  2. Edward O. Wilson, Bert Hölldobler: The rise of the ants: A phylogenetic and ecological explanation. In: Proceedings of the National Academy of Sciences of the United States of America. 102, 21, 2005, S. 7411–7414. (Volltext) (englesch)
  3. www.antbase.org – Internetdatenbank aller bekannter Ameisenarten
  4. D. Agosti, D. Grimaldi, J. M. Carpenter: Oldest known ant fossiles discovered. In: Nature. Bd. 391, 29. Januar 1998, S. 447 ff, doi:10.1038/35051. (englesch)
  5. C. Rabeling, J. M. Brown, M. Verhaagh: "Newly discovered sister lineage sheds light on early ant evolution." in: Proceedings of the National Academy of Sciences of the United States of America (ed.: National Academy of Sciences), vol. 105, no. 39, 2008, S. 14913-14917.
  6. M. Chinery: Insekten Mitteleuropas. 3. Auflage. Paul Parey, 1984. ISBN 3-490-14018-4, S. 242 ff.
  7. W. Kirchner: Die Ameisen, Biologie und Verhalten. 2. Auflage. C. H. Beck, München 2007, ISBN 3-406-44752-X.
  8. Forstliche Versuchs- und Forschungsanstalt Baden-Württemberg (FVA): Information zur Ökologie der Ameisen im Online Bestimmungsschlüssel. gekuckt den 10. Februar 2009.
  9. C.S. Moreau, C.D. Bell, R. Vila, S.B. Archibald, N.E. Pierce (2006): Phylogeny of the ants: diversification in the age of angiosperms. Science 312:101–104.doi:10.1126/science.1124891
  10. Philip S. Ward: Phylogeny, classification, and species-level taxonomy of ants (Hymenoptera: Formicidae). In: Zootaxa. 1668, 2007, S. 549–563. PDF (englesch)
  11. Wegez/Ignace/Morro 2021 an der Literatur.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads