Fouss
ënneschten Deel vum Been From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Fouss (Méizuel: Féiss) ass en Deel vum Kierper vu ville Wierbeldéieren. Et ass den ënneschten Deel vum Been, dee beim Enkel ufänkt an no vir ausgeriicht ass.

Am Stoe rout de Fouss generell um Buedem. En dréit d'Kierpergewiicht an en déngt der Fortbeweegung.
E gëtt anatomesch an dräi grouss Deeler ënnerdeelt: d'Fousswuerzel (op Latäin: Tarsus), de Mëttelfouss (Metatarsus), an d'Zéiwen (Digiti pedis). De relativ platten Deel, deen um Buedem rout, gëtt Suel genannt. Den hënneschten Deel heescht Feescht.
D'Schanken am Fouss, déi iwwer Gelenker mateneen a Verbindung stinn, ginn iwwer d'Muskulatur am ënneschten Deel vum Been (Latäin: Crus) an iwwer déi méi kuerz Foussmuskele beweegt.[1] De mënschleche Fouss ass am Ganzen aus 26 eenzele Schanken an iwwer 30 Muskelen opgebaut.[2]
D'Deelgebitt vun der Medezin, dat sech mat Feelbildungen an Erkrankunge vum Fouss beschäftegt, ass d'Orthopedie. Si beschäftegt sech och mat anere Kierperdeeler. D'Podologie ass eng Heelwëssenschaft, déi sech nëmme mat Féiss beschäftegt a bei där d'Fachkraaft keen Dokter ass, mee eng speziell Ausbildung gemaach huet.
Remove ads
Um Spaweck
| Commons: Féiss – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- (de) Wie ist der Fuß aufgebaut?. gesundheitsinformation.de. Gekuckt den 30. Juli 2025.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
