Franschhoek

From Wikipedia, the free encyclopedia

Franschhoek
Remove ads

Franschhoek ass eng Uertschaft am südafrikanesche Wäibaugebitt (Provënz Western Cape). Den Numm geet op d'17. an d'18. Joerhonnert zeréck. Wéi den Edikt vun Nantes annulléiert gouf, hunn nämlech vill Hugenotten Frankräich verlooss. Vun hinnen hu sech der en ettlech am Süde vu Kapstad néiergelooss, fir do Wäibau (Wäibau a Südafrika) ze bedreiwen.

Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Thumb
Den Dall mat Franschhoek
Thumb
D'Kierch zu Franschhoek

Zu Franschhoek gëtt et e Monument, dat un d'Hugenotten erënnert. D'Uertschaft, déi vun Touriste staark besicht ass, huet säi franséische Charakter behalen. Wäigidder mat franséischem Numm sinn net rar, an den Afloss vun der franséischer Kichen an de Restaurante mécht sech däitlech bemierkbar.

Remove ads

Aner Uertschaften un der südafrikanescher Wäistrooss

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads