Franz Leesberg
Militär a Geolog From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Franz Xavier Hubert Leesberg, gebuer den 19. September 1808 zu Amsterdam, a gestuerwen de 25. Februar 1889 zu Esch-Uelzecht, war e Militär a Geolog.[1]
Liewen
De Franz Leesberg war Artillerie-Leitnant zu Ettelbréck an dono Kapitän vum Jeeërbatailloun zu Iechternach.
Nodeems d'Société Metz & Cie 1862 mat der belscher Providence zur Société des mines d'Esch fusionéiert hat, gouf de Leesberg do als Geolog a Regisseur agestallt, wou e bis 1888 bliwwen ass.
Hien huet eng ganz Rëtsch Mineralien a Fossilie bei sengen Aarbechte gesammelt, déi en dem Staatsmusée vermaach huet.
Fir un hien z'erënneren, huet d'Stad Esch an den 1950er Joren am Quartier Neiduerf, am Hank vum Lallenger Bierg, d'Cité Franz Leesberg no him genannt[2].
No him genannt goufen och eng Rëtsch Fossilien, dorënner d'Lima (Plagiostoma) Leesbergi Branco, an 1907 huet de Louis Blum d'Mineral, dat en entdeckt hat, him zu Éiere Leesbergit gedeeft (Hydromagnesit).
Remove ads
Referenzen
- Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Willy Allamano, Gérard Bernardini: Esch-sur-Alzette et ses rues. Esch an der Alzette und seine Straßen. 'De l'histoire à chaque pas. Geschichte auf jedem Schritt.'. Esch-sur-Alzette, 2013. ISBN 978-2-87964-136-2, S.141.
- L-4206.
Um Spaweck
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
