Freddy Quinn

From Wikipedia, the free encyclopedia

Freddy Quinn
Remove ads

De Freddy Quinn, gebuer de 27. September 1931 zu Wien[1], ass en éisträichesche Schlagersänger a Schauspiller, deen an Däitschland aktiv geschafft huet.

Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Thumb
De Freddy Quinn (1971).

Mat Titele wéi Heimweh, Heimatlos, Der Legionär, Die Gitarre und das Meer, Unter fremden Sternen, La Paloma a Junge komm bald wieder hat hien tëscht 1956 an 1966 zéng Nummer-1-Hitten an de westdäitschen Charts (am Ganze stoung hien 23-mol an den däitschen Top-Ten) a war an där Zäit deen Interpret an Däitschland mat dem gréisste Succès. Hien huet iwwer 60 Millioune Placke verkaf an zielt bis haut nieft dem Udo Jürgens an dem Peter Alexander zu den erfollegräichste Schlagerstaren an Däitschland an an Éisträich. 1956 huet hien Däitschland beim Eurovision Song Contest mam Lidd "So geht das jede Nacht" vertrueden.

Seng Lidder sinn dacks melancholesch a ginn iwwer d'Mier an déi wäit Welt, iwwer Äddi-Soen, Verlaangeren an Eleng-Sinn. Komponéiert goufe se ë. a. vum Bert Kaempfert, Lotar Olias, Ernst Bader an James Last.

Hien huet, virun allem an der éischter Hallschecht vun den 1960er Joren, och an enger Rëtsch Filmer matgespillt, déi dacks op hien als Haaptpersoun ausgeriicht waren (den Haaptpersonnage huet Freddy geheescht).

Remove ads

Filmographie

Kino

als Schauspiller

Thumb
De Freddy Quinn, 1985
Remove ads

Gielercher

  • Großes Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich[2].
  • Bundesverdienstkreuz 1. Klasse

Referenzen

  1. "Der Mann den es nie gab". Der Spiegel Nr 22, 24.05.2025, S.114,
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads