Fueskichelchen

Gebäck, speziell an der Fuesent From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Als Fueskichelchen oder Fuesentskichelchen (oder einfach Fuesent, lokal (Éislek) och Fasichskéichelchen) zielen eng Rei séiss Bakwueren, déi haaptsächlech an der Fuesent giess ginn.

Dësen Artikel iwwer d'Theema Gastronomie ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Traditionell si fréier op Fetten Donneschdeg d'Kanner duerch d'Gaasse gaangen, hunn Heeschelidder gesongen a fir Miel, Speck an Eeër gebiedelt. Déi geheescht Saache goufen all zesumme gedroen an et goufe Fueskichelcher doraus gebak[1]. Well an der Fueszäit villerlee gebak gouf, an d'Käche vill ze dinn hat, seet ee fir een dee vill beschäftegt ass: „En ass gehäit wéi d'Pan an der Fuesent“[2].

Remove ads

Zorte Fueskichelcher

Lëtzebuerg

  • Berliner: aus Hiefdeeg, gefëllt mat Quetschekraut oder Aprikosegebeess
  • Eisekuch
  • Fläppchen[3]
  • Fliedchen[1]
  • Fuesbréitchen, Fuesentsbréitchen[4]
  • Maus, Maischen[5]
  • Nonnebréitchen, Nonnefascht, Nonnefuerz, Nonnefäschtchen, Nonnepipchen[6]
  • Strëtzegebäck, Strëtzelgebäck[1]
  • Tërkelchen, Tërtelchen, Tëttelchen, Torkelchen[1]
  • Verwurrelt, verwurrelt Gedanken[1]: aus Hief- oder Backpulverdeeg
  • Zockerhaup[1]
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Fueskichelchen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. (de) „Fuesent“ sub 3). Luxemburger Wörterbuch, digitaliséiert Versioun vun der Universitéit Lëtzebuerg, Department of Humanities. Gekuckt de 17.01.2024.
  2. (de) Zeiten und Feste. Obermosel-Zeitung, 49. Jg., nº 33, p. 1. (08.02.1929). Gekuckt de 17.01.2024.
  3. (de) „Fläppchen“. Luxemburger Wörterbuch, digitaliséiert Versioun vun der Universitéit Lëtzebuerg, Department of Humanities. Gekuckt de 17.01.2024.
  4. (de) „Fues(ents)bréidercher“. Luxemburger Wörterbuch, digitaliséiert Versioun vun der Universitéit Lëtzebuerg, Department of Humanities. Gekuckt de 17.01.2024.
  5. (de) „Maisercher“. Luxemburger Wörterbuch, digitaliséiert Versioun vun der Universitéit Lëtzebuerg, Department of Humanities. Gekuckt de 17.01.2024.
  6. (de) „Nonne-“. Luxemburger Wörterbuch, digitaliséiert Versioun vun der Universitéit Lëtzebuerg, Department of Humanities. Gekuckt de 17.01.2024.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads