Gabriel Lippmann

franséische Physiker an Erfinder From Wikipedia, the free encyclopedia

Gabriel Lippmann
Remove ads

De Jonas Ferdinand Gabriel Lippmann, gebuer de 16. August[1] 1845 zu Bouneweg[2] (deemools Gemeng Hollerech, zanter 1920 Stad Lëtzebuerg), a gestuerwen den 13. Juli 1921 am Atlantik,[3] um Passagéierschëff France, op enger Réckrees vu Kanada no Frankräich, war e franséische Physiker an Erfinder. Hie krut 1908 den Nobelpräis an der Physik.

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...
Thumb
D'Gebuertshaus vum Gabriel Lippmann zu Bouneweg.
Thumb
Plack um Gebuertshaus zu Bouneweg.

Mat 3 Joer ass de klenge Gabriel mat senger Famill vu Lëtzebuerg op Paräis geplënnert, wou hien an de Lycée Henri-IV an duerno op d'École normale supérieure gaangen ass. De Studium do huet en awer net ofgeschloss. Wat hien intresséiert huet, war d'Physik. Hie goung op Heidelberg an de Physikslaboratoire Kuhne und Kirchhoff schaffen, duerno op Berlin bei den Hermann von Helmholtz.

1876 huet en zu Paräis seng Doktoratsthes an den Annales de chimie et de physique publizéiert ënner dem Titel Relations entre les phénomènes électriques et capillaires. Si huet därmoossen Androck gemaach, datt hie vum Erzéiungsminister Duruy 1883 als Professer fir Mathematik op d'Sorbonne beruff gouf. 1886 war hie Professer fir experimentell Physik. Op der Sorbonne huet de Lippmann och d'Dokterarbecht vun der Marie Curie betreit.[4]

1886 gouf de Gabriel Lippmann an déi franséisch Académie des sciences opgeholl, 1896 an d'Londoner Royal Society an am Joer 1900 an d'Berliner Akademie der Wissenschaften.[5]

Remove ads

Pionéier an der Fotografie

Besonnesch innovativ Fuerschung huet hien am Beräich Fotografie gemaach, wou en 1891 e Procedé entwéckelt huet, deen et méiglech gemaach huet, fir mat der Interferenz vun de Liichtwelle faarweg Fotoen ze maachen.

Dës Fuerschung hat séier d'Opmierksamkeet vun de Bridder Lumière op sech gezunn, déi mam Lippmann kollaboréiert hunn fir dës Technik vun der Faarfreproduktioun ze verbesseren. De Procédé vum Lippmann fir faarweg Biller hierzestellen huet wuel funktionéiert a war och vum physikaleschen Usaz hier brillant, mä en huet sech awer als zevill komplizéiert erausgestallt fir eng kommerziell Exploitatioun. Sou koum et datt d'Bridder Lumière schlussendlech en anere Wee ageschloen hunn, an 1903 hiren eegenen "procédé autochrome" patentéiert hunn.[4]

D'Laurence, dem Gabriel Lippmann seng Fra, war d'Duechter vum Victor Cherbuliez, engem Schrëftsteller a Member vun der Académie française. Mat hirem Mann huet si sech och mat der Fotografie auserneegesat. Bei Reesen, z. B. op Venedeg, huet d'Koppel gemeinsam Opname vu Landschafte gemaach. Se hunn och Portraitsfotoe gemaach.[4]

Remove ads

Nobelpräis

Fir seng Grondlagenfuerschung am Beräich vun der Fotografie, krut de Lippmann den 10. Dezember 1908 den Nobelpräis an der Physik.

Éierungen

De G. Lippmann war 1907 Éieremember vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal ginn.[6] Hie war och Éieremember, zanter 1892, vun der Société de photographie de Luxembourg.[7]

Gielercher

No him benannt

Zu Lëtzebuerg:

  • d'Rue Gabriel-Lippmann (L-1943) zu Bouneweg, déi d'Verbindung mécht tëscht der Carignan-Strooss an der Auguste-Charles-Strooss. D'Strooss, déi am Volleksmond "Juddegaass", offiziell awer "Rue de la Montagne" (Bergstraße) geheescht huet, krut den Numm vum Lippmann an der Sitzung vum Stater Gemengerot vum 16. Mee 1925; am Krich hunn d'Nazien aus der Gabriel-Lippmann-Strooss d'"Eifelerstraße" gemaach.[9]
  • d'Rue Gabriel-Lippmann zu Nidderaanwen (L-6947)
  • de Centre de recherche public Gabriel-Lippmann: den 31. Mee 1999 ass de Centre de recherche public - Centre universitaire, deen am Juli 1987 gegrënnt gi war, nom Gabriel Lippmann ëmgenannt ginn.
Remove ads

De Fotograf Gabriel Lippmann

Literatur

Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Gabriel Lippmann – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Grégorius 1984, Massard 1997, S. 81s (de 17. August ass d'Kand op der Gemeng ugemellt ginn).
  2. Grégorius 1984, Massard 1997, S. 82.
  3. Cf. Kervestin (2023)
  4. Lebon 1911, S. 18.
  5. Massard 1997, S. 88.
  6. Lebon 1911, S. 19.
  7. Recherche - Base de données Léonore. www.leonore.archives-nationales.culture.gouv.fr. Gekuckt den 22.06.2023.
  8. Massard 1987, S. 97.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads