Gabriel Mayer

Entreprener From Wikipedia, the free encyclopedia

Gabriel Mayer
Remove ads

De Gabriel Mayer, gebuer de 5. Januar 1818 zu Saint-Avold[1] a gestuerwen den 10. September 1905[2] an der Stad Lëtzebuerg[3], war e franséisch-lëtzebuergeschen Entreprener.

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...

1849 huet hien eng Händschefabréck gegrënnt. 1870 krut en e Patent op en neie System fir Händschen ze schneiden, dee "Palmyre" genannt gouf. 1873 huet hien d'Villa Vauban baue gelooss, déi awer schonn 1874 an de Besëtz vum Baron Charles-Joseph de Gargan koum. 1880 war hien de Matgrënner vum Hollerecher Walzwierk (Société Anonyme des Forges et Laminoirs de Luxembourg).

Remove ads

Gielchen

Um Spaweck

Referenzen

  1. De Gabriel Mayer an enger Publikatioun vum Robert Philippart iwwer d'Villa Vauban. Do ass als Doudesdatum den 19. September 1905 ugi wärend am Luxemburger Wort vum 15. September 1905 den 10. September 1905 uginn ass. Archivéiert Versioun
  2. Civilstand der Stadt Luxemburg - Sterbefälle am Luxemburger Wort vum 15. September 1905
  3. Mémorial A N° 10 vum 18. Februar 1876 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads