Galápagosinselen

Archipel am Pazifeschen Ozean ëm den Equator From Wikipedia, the free encyclopedia

Galápagosinselen
Remove ads

D'Galápagosinselen (op Spuenesch Islas Galápagos, offiziell Archipiélago de Colón) bilden en Archipel vu vulkaneschen Inselen am Pazifeschen Ozean ëm den Equator, ronn 1.000 km westlech vum Land Ecuador.

op ee Bléck Geographie, Land ...

Den Archipel besteet aus 19 méi oder manner groussen, an Dosende vu verstreete, klenge bis winzegen Inselen, déi zesummen eng Provënz, mat der Haaptstad Puerto Baquerizo Moreno, vun Ecuador bilden. Nëmme véier Insele si bewunnt, mat zesummen 30.000 Awunner.

Den Numm Galápagos kënnt vum Spuenesche galápago, Suedel, dëst wéinst der opfälleger Suedelform vum Panzer vun enger Partie vun de Rise-Landschildkröten op den Inselen.

De ganzen Archipel, zesumme mat dem Mier ronderëm, gehéiert zum Galápagos-Nationalpark, dee streng geschützt ass.

D'Galápagosinsele si berüümt wéinst hire villen endeemeschen Aarten (Aarten déi nëmmen do virkommen) an och wéinst dem Openthalt vum Charles Darwin am Joer 1835, deen do e wichtegen Ustouss fir d'Opstelle vu senger Evolutiounstheorie fonnt huet.

Remove ads

Wichtegst Inselen, der Gréisst no

Méi Informatiounen Insel, Engl. Numm ...

Ënnert de ville klengen Insele sinn d'Daphne-Inselen (virun allem Daphne Major), Plaza Sur, Isla Sin Nombre an den isoléierte Roca Redonda, eng Plaz wou Vulle gezillt ginn, nennenswäert

Remove ads

Literatur

  • Kricher, J., 2002. Galápagos. Smithsonian Natural History Series. (Dat warscheinlech bescht Buch iwwer d'Galápagosinselen, hiert Entstoen, Geographie, Geschicht an hir Déieren a Planzen).
  • Swash, A. & R. Still, 2005 (2. Ed.) Birds, Mammals and Reptiles of the Galapagos Islands. Christopher Helm.

Um Spaweck

 Commons: GalapagosGalápagosinselen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Fotoalbum

Remove ads

Referenzen an Notten

  1. Heidi M. Snell, Paul A. Stone, Howard L. Snell: A Summary of Geographical Characteristics of the Galapagos Islands. In: Journal of Biogeography. Band 23, Nummer 5, 1996, S. 619–624 (doi:10.1111/j.1365-2699.1996.tb00022.x).
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads