Archipel

inselräich Mieresgéigend From Wikipedia, the free encyclopedia

Archipel
Remove ads

En Archipel [arçi'pe:l], vum laténgeschen Archipelagus, bezeechent eng inselräich Mieresgéigend. Am wëssenschaftleche Sënn ëmfaasst en Archipel d'Land- a Mieresgebitter vun enger inselräicher Regioun. De Begrëff gëtt haut meeschtens als Synonym fir Inselgrupp benotzt, enger Usammlung vun Inselen déi relativ no beienee leien.

Thumb
E bekannt Beispill: de Galápagos-Archipel (Satellittebild vun der NASA).
Thumb
D'Kanaresch Inselen sinn e spueneschen Archipel am Atlantik.
Thumb
Déi Kleng Antille leien an der Karibik.
Thumb
Eng Insel op de Malediven, engem Archipel am Indeschen Ozean.

D'Wuert Archipel besteet aus den zwéi griichesche Begrëffer αρχι- (archi- = "Haapt-") an πέλαγος (pelagos = "Mier") an huet ursprénglech nëmmen déi inselräich Géigenden an der Egäis bezeechent. Eréischt zanter dem Ufank vum 13. Joerhonnert gi Mieresregioune mat gréisseren Inselgruppen – baussent der griichescher – och als Archipel bezeechent.

Den Ënnerscheed zu enger renger Inselgrupp ass evident: eng Inselgrupp ass eebe just eng Grupp vun Inselen; den Archipel ëmfaasst eng Inselgrupp zesumme mat dem Mier wat dertëscht a ronderëm läit.

Remove ads

Gréisser Inselgruppen an Archipelen

Atlanteschen Ozean

Pazifeschen Ozean

Indeschen Ozean

Arkteschen Ozean

  • Kinnigin-Elisabeth-Inselen
  • Sewernaja Semlja
  • Spitzbergen

Südlechen Ozean

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Archipelen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads