Galt MacDermot
kanadesche Komponist From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Arthur Terence Galt MacDermot, gebuer den 18. Dezember 1928 zu Montréal, a gestuerwen de 17. Dezember 2018[1], war e kanadesch-amerikanesche Komponist.
Remove ads
Liewen
Als Kand krut de Galt MacDermot eng ëmfaassend musikalesch Ausbildung (Blockflütt, Gei, Piano). Ufanks der 1950er Joren huet hien um College of Music zu Kapstadt studéiert. Hien huet méi spéit dës Phas als eng vu senge wichtegste bezeechent. Hien huet duerno a senger Heemechtsstad als Organist a Kierchemuseker geschafft, duerno als als Rock- an Jazz-Komponist an nach méi spéit als Barpianist zu New York.
Fir säi Stéck African Waltz krut hien e Grammy Award. Hien huet och Filmmusek an eng Rëtsch Musicals komponéiert, wouvun Hair dat bekanntst ass.
Remove ads
Wierk (Auswiel)
Musical
- 1957: My Fur Lady
- 1967: Hair
- 1970: Isabel's a Jezebel
- 1970: Who the Murderer Was
- 1971: Two Gentlemen of Verona
- 1973: Dude
- 1973: Via Galactica
- 1984: The Human Comedy
- 1985: The Special
- 1995:Time and the Wind
- 1997: The Legend of Joan of Arc
- 1998: Sun
- 1998: Blondie
- 1999: The Corporation
Filmmusek
- 1970: Cotton Comes to Harlem
- 1971: Fortune and Men's Eyes
- 1971: Duffer - Moon Over the Alley
- 1975: Rhinoceros
- 1979: Hair
- 1992: Mistress
- 1994: Forrest Gump
- 2007: Zodiac
Aner Musek
- 1956: Art Gallery Jazz
- 1961: The English Experience
- 1966:Shapes of Rhythm
- 1969: Hair Cuts
- 1969: Woman is Sweeter
- 1970: Galt MacDermot's First Natural Hair Band
- 1979: New Pulse Band
- 1994: Purdie as a Picture
- 2000: Up from the Basement Volumes 1 & 2
Remove ads
Referenzen an Notten
- "Hair"-Komponist MacDermot gestorben op zdf.de den 18. Dezember 2018 21:01, fir d'lescht gekuckt den 18. Dezember 2018
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads