Gamma

Buschtaf From Wikipedia, the free encyclopedia

Gamma
Remove ads

De Gamma (griichescht Neutrum, Majuskel Γ, Minuskel γ) ass den 3. Buschtaf vum griicheschen Alphabet an hat virun der Aféierung vun den arabeschen Zifferen den numeresche Wäert vun 3.

Thumb
De Griichesche Buschtaf „Gamma“

De Gamma am Gebrauch

  • D'Γ-Funktioun bezeechent an der Mathematik eng Funktioun, déi als eng Erweiderung vun der Fakultéitsfunktioun op de komplexe Zueleplang opgefaasst ka ginn. Fir all natierlech Zuelen besteet dobäi de follgende Zesummenhank:
  • An der Mathematik bezeechent γ d'Euler-Mascheroni-Konstant.
  • Bei der Illustratioun vu Biller mat elektroneschen Apparaten oder an der Bildbeaarbechtung vun enger Kuerzbezeechnung fir d'Gammakorrektur. Et handelt sech ëm d'Upassen oder d'Korrektur vum Verlaf vun de Growäerter (de mëttlere Wäert) tëscht 100% Schwaarz an 100% Wäiss. Oder och: Korrektur an Upasse vum Verlaf vun der mëttlerer Faarfhellegkeet, Faarfwäerter oder Ofstufungen (un d'Emfindlechkeet vum A).
  • An der Warscheinlechkeetstheorie bezeechent d'Gammaverdeelung eng Verdeelungsfunktioun.
  • An der Differentialgeometrie bezeechent Γ d'Christoffelsymboler.
  • An der Optiounstheorie bezeechent Γ déi zweet Ofleedung vum Optiounspräis nom Basiswäertcours.
  • An der Physik ass γ d'Symbol vum Photon. Am méi enke Sënn bezeechent et an der Technik och nëmmen d'Photone vun héijer Energie (Gammastralen).
  • An der Physik bezeechent γ de Lorentzfacteur.
  • An der Héichenergiephysik bezeechent Γ d'Zerfallsbreet
  • An der Physik gëtt γ och als Symbol vum gyromagnéitesche Verhältnes gebraucht.
  • Méi rar gëtt γ an der Physik och als Zeeche fir d'Gravitatiounskonstant gebraucht.
  • An der Thermodynamik bezeechent γ dacks den Adiabatenexponent.
  • An der Quantefeldtheorie ginn d'Dirac-Matrize mat γ bezeechent.
  • Als Gamma (Eenheetszeeche γ) huet e bis zum 4. Juni 1970 d'Eenheet vun der magnéitescher Flossdicht bezeechent.
  • An der Statistik ass Gamma (Symbol: ) eng Mooss vun der ordinaler Associatioun, dat wéi , oder (Tau a, Tau b, Tau c) um Puerkonzept baséiert.
  • An der Astronomie kennzeechent de Gamma-Wäert vun enger Sonnendäischtert wéi zentral de Moundschied d'Äerd trëfft.
  • An der Noriichtentechnik bezeechent Γ d'SNR-Gap, wat d'Differenz tëscht theoreetescher an erreechbarer Kanalkapazitéit modelléiert.
  • An der Medezin, besonnesch an der Anesthesie an Intensivmedezin, gëtt γ heiansdo als alternativ Bezeechnung fir e Mikrogramm pro Kilogramm Kierpergewiicht pro Minutt gebraucht, besonnesch bei der Doséierung vu Katecholamin.
  • Am Bauwiese bezeechent γ dacks en Deelsécherheetsbäiwäert.
Remove ads

Unicode

Méi Informatiounen Majuscule Γ, Minuscule γ ...

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Gamma – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads