Garden State
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Garden State ass e Film vum Zach Braff aus dem Joer 2004. De Filmtitel ass eng Uspillung op d'geographesch Plaz wou de Film sech haaptsächlech ofspillt, nämlech den US-Bundesstaat New Jersey deen och nach Garden State genannt gëtt. De Film war an der offizieller Selektioun vum Sundance Film Festival.
Remove ads
Ëm wat geet et am Film?
De Film dréint sech ëm den Haaptpersonnage Andrew Largeman (Braff), e Mëttzwanzeger dee sech als Schauspiller versicht, an zanter senger Kandheet ënner staarke Medikamenter steet, déi hien emotionell daf gemaach hunn. Hie kënnt zeréck a seng Heemechtsstad iergendwou am New Jersey well seng handikapéiert Mamm gestuerwen ass.
Hie begéint al Kolleegen nees erëm, déi hien zanter dem Lycée net méi gesinn huet, a verbréngt virun allem vill Zäit mam Mark (Sarsgaard), dee mëttlerweil Doudegriewer ass, nach doheem wunnt a keng Drogen ausléisst. Den Andrew léiert ausserdeem d'Sam (Portman) kennen, wat Epileptikerin ass, an en Drang zum Léien huet.
Den Andrew huet seng Medikamenter net matgeholl, a sou ass de Film net nëmmen eng Rees an d'Heemecht, mä och zu sech selwer.
Remove ads
Gielercher
- Grammy fir de Soundtrack.
Um Spaweck
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads