Gare Diddeleng-Stad

Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn From Wikipedia, the free encyclopedia

Gare Diddeleng-Stad
Remove ads

D'Gare Diddeleng-Stad ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit an der Sektioun Biereng vun der Gemeng Diddeleng. D'Gare gehéiert zur Niewelinn Beetebuerg - Wuelmereng vun der Linn Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange vum CFL-Zuchreseau.

Séier Fakten ass eng, Status ...

Se läit tëscht de Garen Diddeleng-Biereng an Diddeleng-Zenter. Bei der Gare ass e Park & Rail-Parking mat 131 Plazen a fënnef spezielle Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Bei der Gare gëtt e eng Bikebox fir säi Vëlo ënnerdaach ze stellen an an direkter Ëmgéigend ass d'Bushalt Dudelange, Gare.

Südlech vun der Gare ass d'Barriär PN.103a um CR184 (av. Grande-Duchesse Charlotte).

Remove ads

Geschicht

D'Gare Diddeleng-Stad ass den 20. Dezember 1883 zesumme mat der Streck Beetebuerg - Diddeleng opgemaach ginn. Déi zweet Diddelenger Gare war sengerzäit Diddeleng-Schmelz, déi uganks just fir de Gidderverkéier bestëmmt war, ier se dunn 1886 och fir de Persounentrafick opgaangen ass.

Zich déi an der Gare halen

(Stand: Mäerz 2025)

Linn Beetebuerg ↔ Wuelmereng

Aller

Méi Informatiounen Aus Richtung, Halt virdrun ...

Retour

Méi Informatiounen Aus Richtung, Halt virdrun ...
Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Gare Diddeleng-Stad – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads