Eisebunnsstreck
Schinneverbindung tëscht verschidde Plazen From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Eng Eisebunnsstreck (och alt Eisebunnstrass), Zuchstreck oder och einfach Streck, nennt een d'Verbindung mat der Eisebunn tëscht verschidde Plazen. Par analogie dozou gëtt d'Verbindung mam Tram als Tramsstreck bezeechent.

Am Géigesaz zur Streck bezitt sech den Ausdrock Linn (Eisebunnslinn, Tramslinn) op de reegelméissege Verkéier op dëse Strecken. Dëst bedeit, datt op enger Streck verschidde Linne fuere kënnen an och, datt eng Linn iwwer verschidde Strecke fuere kann. Eisebunnsstrecke besti fir de Persounen- wéi och fir de Giddertransport.
Mam Begrëff ligne de chemin de fer gëtt a franséischsproochege Länner de Begrëff „Eisebunnsstreck“ och synonym fir „Eisebunnslinn“ benotzt. D'lëtzebuergesch Eisebunnsverwaltung bezeechent d'Strecken och als ligne[1].
Remove ads
Beispiller
Lëtzebuerg
- d'Streck Lëtzebuerg - Ëlwen gëtt vun de Linne Lëtzebuerg - Ettelbréck - Ëlwen - Gäilech a Rodange - Esch-Uelzecht - Lëtzebuerg - Ëlwe befuer;
- d'CFL-Linn Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange fiert iwwer d'Strecke 6 (Lëtzebuerg - Beetebuerg), 6a (Beetebuerg - Esch-Uelzecht), 6f (Esch-Uelzecht - Péiteng), a 6g (Péiteng - Rodange).
Kuckt och
Um Spaweck
![]() |
Commons: Eisebunnsstreck – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads