Geeschterbunn

From Wikipedia, the free encyclopedia

Geeschterbunn
Remove ads

Eng Geeschterbunn ass eng Attraktioun, déi op Kiermessen, Joermäert an Attraktiounsparken ze fannen ass. Heibäi ginn d'Leit op engem Weenchen, deen op Schinne fiert, duerch e méi oder manner däischtere Parcours gefouert, op deem Installatiounen oder Effekter dofir suerge sollen, datt d'Leit sech solle grujelen, oder op d'mannst erféieren.

Thumb
Eng typesch Geeschterbunn vu baussen

Déi Installatioune kënnen Zeene mat Gespenster, Skeletter, Gedéiesch oder soss Monstere weisen; se kënnen elektresch animéiert sinn an duerch Luucht- an/oder Touneffekter verstäerkt ginn. Heiansdo suergen och verkleeten oder maskéiert Persounen dofir, datt d'Leit am Weenchen erféieren.

Déi éischt Geeschterbunn gouf 1933 am Wiener Prater opgemaach.

 Commons: Ghost train – Biller, Videoen oder Audiodateien
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads