Kiermes

Volleksfest, meeschtens zu der Zäit am Joer wéini eng Kierch geweit gouf oder de Patréiner vun där Kierch säi Fest huet From Wikipedia, the free encyclopedia

Kiermes
Remove ads

Eng Kiermes ass e Volleksfest dat meeschtens zu enger bestëmmter Zäit am Joer ofgehale gëtt, a meeschtens op den Dag zeréckgeet op deem eng Kierch geweit gouf respektiv de Patréiner vun där Kierch säi Fest huet. Heiansdo si Kiermesse mat engem Joermaart verbonnen.

Thumb
Eng Kiermes

Typesch fir d'Kiermesse sinn hautdesdaags Attraktioune wéi Schéissbuden, Knuppautoen a Karuseller, bei grousse Kiermesse gesäit een och dacks e Riserad, Achter- a Geeschterbunnen. Ausserdeem gëtt et op Kiermessen ëmmer Gefréissstänn, wou ee Fritten, Thüringer, Gromperekichelcher, gebakene Fësch an och Séissegkeete wéi Eisekuchen, Glacen, Pomme-d'Amouren, Barbe-à-Papaen, Popcorn, Nougat, gebrannte Mandelen, Lutschen asw. ze kafe kritt.

Déi gréisst Kiermes zu Lëtzebuerg ass d'Schueberfouer.

A verschiddenen Uertschaften zu Lëtzebuerg gëtt et eng grouss Kiermes an eng kleng Kiermes.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Kiermessen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Thumb
Kiermes zu Düsseldorf
Thumb
Kiermesbuden
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads