Gerald Neugebauer

From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

De Gerald „Gerry“ Neugebauer, gebuer den 3. September 1932 zu Göttingen, a gestuerwen den 3. September 2014 zu Tucson am Arizona, ass en US-amerikaneschen Astronom vun éisträichesch-däitscher Ofstamung.

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

De Gerry Neugebauer ass de Jong vum Astronom a Mathematiker Otto Neugebauer. Hien hat op der Cornell University studéiert a krut den Doktergrad 1960 am California Institute of Technology (Caltech). Wärend sengem Militärdengscht bis 1962 war hien am Jet Propulsion Laboratory stationéiert. Seng wëssenschaftlech Lafbunn hat hien um Caltech gemaach, wou hien zanter 1962 Assistent Professer a vun 1970 bis zu senger Emeritéierung 1998 Full Professor war. Hien huet de Palomar-Observatoire vun 1980 bis 1994 geleet.

Den Neugebauer gehéiert zu de Pionéier vun der Infraroutastronomie. Zesumme mam Robert B. Leighton hat hien eng vun den éischten Himmelsduerchmusterungen am Infraroutliicht, den Two Micron Sky Survey duerchgefouert. Iwwer 5.500 Infraroutquelle goufen dobäi entdeckt. No him an nom Eric Becklin ass de Becklin-Neugebauer-Objet, ee vum Stëbs agewéckelte jonke Stär am Orionniwwel, genannt. Den Neugebauer war leedende Wëssenschaftler vum Infrared Astronomical Satellite.

Remove ads

Éierungen

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads