Gilles Baum
lëtzebuergesche Politiker a Schoulmeeschter From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Gilles Baum, gebuer de 16. Januar 1973 zu Lëtzebuerg[1], ass e lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Politiker (DP).
![]() |
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Hien huet vun 1992 bis 2013 zu Rued-Sir Schoul gehalen[2] an ass zanter 1999 am Gemengerot vun der Gemeng Jonglënster, wou e vun 2003 bis 2005 an duerno nees vun 2017 un Schäffe ass[2][3].
No de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 ass hien de 5. Dezember 2013 an d'Chamber nogerëtscht an d'Plaz vun der Maggy Nagel, déi Ministesch gouf.[4] Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gouf hien erëmgewielt[5]. Bei deene vum 8. Oktober 2023 ass hien duer nees nogeréckelt.
Den 28. Juni 2014 gouf hien um DP-Nationalkongress zum neie Generalsekretär gewielt[6].
Nom Doud vum Eugène Berger huet de Gilles Baum den 23. Januar 2020 de Poste vum Fraktiounschef vun der DP an der Chamber iwwerholl[2].
Remove ads
Um Spaweck
![]() |
Commons: Gilles Baum – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- Chamber: Baum und Knaff folgen auf Berger p wort.lu den 23. Januar 2020 an ënnert dem Titel Zwei folgen auf Berger an der Drockversioun vum Luxemburger Wort den 23. Januar 2020, S. 4
- Assermentation de 25 nouveaux députés." chd.lu, 5. Dezember 2013.
- "Gilles Baum neuer DP-Generalsekretär." dp.lu Aktuell, 28.06.2014.
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads